News
News
Sportsdach
16.07.2024Den 28. Juni konnten d’Schüler un d’Sportsatelieren deelhuelen. Vill Sportsclibb haten sech zu Krautem afonnt vir de Kanner aus dem C1 bis C4 an aus dem CDI hiren d’Sport méi no ze bréngen. Tëscht den Ateliere kruten d’Kanner ‚Gesond Iessen‘ ugebueden. Kuckt Iech w.e.g. d’Photoen dozou un!
» Galerie
Äispist 2024
22.04.2024Am Mount Januar sinn nees d'Schoulkanner aus der Gemeng Réiser op
Kockelscheier Schlittschong lafen gaangen.
D'Kanner konnten vun Atelieren profitéieren, déi vun den Clibb
Curling an Short track organiséiert goufen.
Den Sportsgrupp aus den Schoulen vu Réiser wëllt dësen Clibb vir
hiert Engagement Merci soen an och dem Sportskoordinator aus der Gemeng.
D'Kanner haten nees vill Spaass op der Äispist.
CLEVER MOVE Berchem
24.03.2024E puer Schüler vu Bierchem präsentéieren Iech hei de Clever Move Parcours aus dem Camps Kannerinsel.
Vill Spaass beim Kucke.
Alerte météo / les classes chaumeront le 17 janvier
16.01.2024Alerte-Météo
En raison des conditions météorologiques, et suite à la décision de la cellule de crise, le ministère de l’Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse dispense les élèves de la fréquentation des cours dans les écoles fondamentales et lycées ainsi que dans les centres de compétences en psychopédagogie spécialisée, pour la journée du mercredi 17 janvier 2024.
Le transport scolaire et Mobibus sont annulés. Votre enfant n'est donc pas obligé d'aller à l'école, toutefois, les écoles, lycées et centres de compétences resteront ouverts pour accueillir les élèves qui s’y rendent.
Les structures d’éducation et d’accueil (crèches, maisons relais, foyers scolaires, ...) assurent un accueil pendant les horaires normaux d’accueil
BlockX
29.11.2023D'Klassen aus dem Réiserbann (Cycle 1 bis Cycle 4 an eng CDI Klass) waren an d'Boulderhal BlocX op Esch /Alzette boulderen. Mir hunn dofir de Schoulbus an den ëffentlechen Transport benotzt. D'Schüler hate vill Spaass um Boulderen a mir haten all eng flott Zäit do. Merci un d'Gemeng vir d'Iwwerhuele vun den Onkäschten an un ons zwee Buschaufferen, de Gilles a den Gianni.
Héi de Link vun der Boulderhal: https://blocx.lu/
» Galerie
Danish Performance Team
19.11.2023Dänesch Turner waren de 17.Oktober bei ons op Besuch an hunn 127 Kanner aus dem Cycle 4 Workshops zum Thema Beweegung ugebueden. Et huet onse Kanner immens gutt gefall. Duerno sinn ons néi dänesch Kolleegen op Singapur weider geflunn.
» Galerie
Colonie C3
12.07.2023Les classes de Steffi Vogel/Fanni Muller et Natascha Scharpantgen/Marc Braun sont bien arrivées à Lultzhausen.
» Galerie
Colonie C4
05.07.2023D Schüler aus dem Cycle 4 vu Bierchem a Krautem sinn gesond a monter an zu Lëlz ukomm.
Copyright Bild: https://youthhostels.lu/de/aktivitaten/wassersport
Grouss Botzaktioun C3 a C4
28.06.2023Ewéi schonn d'lescht Joer, huet den Nohaltegkeetgrupp eng grouss Botzaktioun duerch d'Gemeng mam Cycle 3 a Cycle 4 organiséiert.
D'Klasse vu Bierchem a Krautem sinn den 28.6.23 eenzel Tier duerch déi ganz Gemeng ofgetrëppelt an hunn de Knascht op de Weeër a laanscht Stroossen opgesammelt.
Villmools Merci fir d'Engagement vun de Klassen an och e Merci un d'Gemeng an d'Servicer fir d'Bereetstelle vum Material an d'Asammele vun den Dreckstuten.
» Galerie