D'Ënnerstëtzung fir Aere Browser gët no a no ofgebaut.
Fir all d'Funktioune vun dëser Websäit optimal notzen ze kënnen, recommandéiert EducDesign Iech déi aktuellste Versioun vun dëse Browser ze benotzen.

FireFox Chrome Internet Explorer
Close
Home > Galileo Science Mobil kënnt erem op Réiser
Du bass hei: Home > Galileo Science Mobil kënnt erem op Réiser

Galileo Science Mobil kënnt erem op Réiser


>> 19. Abrëll 2010
imagespacer pixelAm Mee kënnt de Galileo-Sciencebus entlech erem op Réiser. 3 laange Joren hu mir misse waarden a freeën eis, dass elo erem eng nei Ausstellung am Science Mobil ass. Waat gëtt do gemach? Op einfach Aart a Weis a fir jidderee verständlech ginn do mat Schoulklassen Experimenter zu aktuelle wëssenschaftlechen an techneschen Theme gemaach. Dëst Joer kënnen eis Kanner sech op folgend Thema freeën: De Sënn vun de Sënner, Kucken, Richen, Schmaachen, Héieren, Taaschten.


Eis 5 Sënner si liewenswichteg. Si erméiglechen eis, d’Ëmwelt ze erkennen a warnen eis viru Geforen deene mir ausgesat sinn. Mee wéi funktionéieren d’Kucken, d’Héieren, d’Richen, d’Schmaachen oder d’Taaschten? A der Ausstellung, "de Sënn vun de Sënner", presentéiert de Galileo Science Mobil d’Biologie vun eise Sënnesorganer, a geet op d’Physique an d’Chimie an, déi mat de 5 Sënner verbonne sinn. D’Kucke wier zum Beispill ouni d’Luucht net méiglech, mee wat ass Luucht genee? Oder wat ass en Toun?


Technesch Detailer vum Galileo Science Mobil

Längt: 16,3 m
Breet: 2,55 m resp. 4,8 m auserneegeklappt
Héicht: 3,85 m



home | sitemap | print version | feedback and bug reports | about
last site update: 06/09/2010 @ 11:44:02 | visitors: 341418

olefa_transparent

Tout contenu © 2010 Ecoles et Administration Communale de Roeser