Du bass hei: Home >
Info > Internet Protektioun
Internet Protektioun
D'Schoulen aus der Gemeng si mat engem Internet-Filter (OLEFA-Guard) equipéiert. Domatt ass den Accès op den Internet fir all Notzer op Inhalter beschränkt, déi am Prinzip fir Schüler onbedenklech sinn. Gläichzäiteg gëtt och alles wat vum Internet erofgeluede gëtt, op potentiell Vire gepréift. Wann dat heite Bild statt dem gewënschten Inhalt gewise gëtt, ass an deem Fall de Filter aktiv ginn:
Wéi eng Critère gi beim Blockéiere vu Websäiten ugewannt?
Engersäits gëtt den Inhalt vun enger opgeruffener Säit no kritesche Schlësselwierder gepréift. Weiderhi bezitt de Filter international zesummegedroe Lëschten, déi permanent aktualiséiert ginn, an déi dausende vu bedenklech Säiten identifizéieren a spären hëllefen.
Brauch ee beim Surfen also net méi opzepassen?
Dach. Net all bedenklech Inhalter ginn iwwer Stéchwierder erfaasst (eng Säit kéint z.B. just bedenklech Biller oder Videoen enthalen, ouni entspriechenden Text). A well all Dag nei Internet-Säiten entstinn, kënnen och déi beschte Lëschten nie zu 100% vollstänneg an aktuell sinn. En Internet-Filter ass eng nëtzlech Hëllef, awer keng 100% Garantie.
Kënnen och spezifesch Säiten op Wonsch geblockt ginn? Respektiv kënne bestëmmte Säiten och explizit duerchgelooss ginn?
Jo. Et ass och méiglech, Säiten oder Internet-Servicer explizit ze spären, déi zwar net direkt bedenklech Inhalter enthalen, awer aus pädagogeschen Iwwerleeungen eraus am Schoulkontext net erwënscht wieren. Ëmgedréit kann een och eng gespaarte Säit explizit duerchlossen, wéi z.B. eng Säit mat Texter iwwer Gesondheet an Opklärung déi ze streng bewäert gouf, oder eng Säit iwwert Rassismus- a Gewaltpräventioun.
Wien entscheet, wéi eng Säiten op dëse Lëschten opgeholl solle ginn?
D'Schoul gëtt vun 3 Axe gedroen: D'Gemeng, déi d'Infrastrukture bereetstellt an och de Kader fir d'Funktionnement mat definéiert. D'Schoul, déi duerch de Comité an de Präsident geréiert a representéiert gëtt. D'Inspektorat, dat stellvertriedend fir den Educatiounsministère d'Schoul superviséiert a guidéiert. Genau wéi bei der Entscheedung, wéi een didaktescht Material an enger Schoul zoulässeg ass an als pädagogesch wäertvoll agestuuft ka ginn, läit déi endgülteg Entscheedung wéi eng Websäiten am Schoulkontext Sënn maachen a leschter Instanz beim Inspektorat an der Schoulleedung. D'Gemeng, als e wichtege Partner, sollt iwwert d'Moossnamen informéiert sinn.
Wéi kann ech den Zougrëff op Inhalter déi ech bedenklech fanne spären, oder wéi kann ech bewierken, datt Inhalter zougänglech sinn?
D'Enseignanten kënnen iwwer de folgende Formulaire eng Demande ofschécken, fir bestëmmte Säite global ze spären oder duerchzeloossen. Dës Ufro gëtt un den technesche Support vun der Internet Protektioun geschéckt (EducDesign SA). D'Demande gëtt gepréift a mat engem kuerzen Avis, firwat dës Säit zum Beispill gespaart ass (bestëmmte Stéchwierder, op schwaarze Lëschte gefouert, an Ënnersäite verstoppte bedenklech Inhalter, suspekt Werbung …) un d'Schoulpresidentin weidergeleet. Stellvertriedend fir d'Schoul, eventuell mat Avis vum Inspekter beobtragt d'Presidentin dann den techneschen Service (EducDesign SA) déi néideg Moossnamen virzehuelen, an informéiert, je no Fall och d'Gemeng iwwert déi Moossnam.
Bei offensichtleche Fäll vu staark bedenklechen Inhalter geet d'Meldung duer fir datt d'Säit direkt gespaart gëtt, ouni datt en Avis oder en OK muss ageholl ginn.
D'Spären an d'Entspären vu Säiten a Servicer kann och zu jidderzäit nees iwwert déi selwecht Prozedur réckgängeg gemaach ginn. Den Zougrëff oder d'Beschränkung gëllt awer ëmmer fir dat ganzt Schoulgebai dat iwwert ee Filter ugeschloss ass, also fir jidder Notzer deen am Schoulreseau op den Internet geet, onofhängeg vu Computer, Raum, Klass, Alter ….
Gi mer do net ze wäit, an deem mer d'Kanner an Erwuessener wëllen iwwerprotegéieren a kontrolléieren?
E groussen Deel vum Internet ass sënnvoll a soll och kënnen fräi zougänglech sinn. Jidder Notzer soll och dozou erzu ginn, datt e kritesch domatt kann ëmgoen. Et ginn awer och vill Inhalter déi immens bedenklech sinn, an déi och oft e kriminellen Hannergrond hunn. Dofir sollten d'Kanner engersäits protegéiert ginn a och Efforte gemaach ginn, datt op déi Inhalter net zougegraff ka ginn. Well, am Internet heescht all Zougrëff op eng Säit och gläichzäiteg Publicitéit fir déi Säit.
Wou kann ech mech nach weider iwwert Internet-Sécherheet, Rechter a Pflichten bei der Notzung vum Internet asw. informéieren?
Internet-Sécherheet, an alles wat domatt zesummenhängt, wéi zum Beispill d'Schütze vun der Privatpersoun, ass e grousst Thema a kann net op dëser Säit vollstänneg ëmrass ginn. Bei weidere Froen kënnt dir Iech un EducDesign SA wenden an Iech och bei
CASES - www.cases.public.lu/fr/index.html informéieren.
Ufro fir eng Internet-Säit oder en Internet-Service ze blockéieren oder duerchzeloossen
(Dir musst als Enseignant ageloggt sinn, fir eng Demande ofschécken ze kënnen.)