D'Ënnerstëtzung fir Aere Browser gët no a no ofgebaut.
Fir all d'Funktioune vun dëser Websäit optimal notzen ze kënnen, recommandéiert EducDesign Iech déi aktuellste Versioun vun dëse Browser ze benotzen.

FireFox Chrome Internet Explorer
Close
www.roeserschool.lu: Home > Schoulorganisatioun
Du bass hei: Home > Schoulorganisatioun

D'Gemeng Réiser
D'Gemeng Réiser läit ronn 10 Kilometer südlech vun der Stad, zu eiser Gemeng gehéieren d'Dierfer Réiser, Crauthem, Bierchem, Béiweng, Léiweng, Peppeng a Kockelscheier. Weider Informatioune ginn et op www.roeser.lu.


An der Mediathéik sichen

Hei kanns de no Bicher, Filmer an aaneren Artikelen an der Mediathéik
sichen


Op dësem Site sichen

Hei kanns de no Säiten op eisem Site sichen:

spacer pixel

Schoulen an eiser Gemeng


Crauthem (Cycles 2-4)


An der grousser Schoul zu Crauthem ginn et 16 Klassen, e Centre d'apprentissage, souwéi (um iewëschte Stack) d'Ediff. An dëser Schoul gët et och e Bastelsall, e Filmsall an eng Turnhaal (d'Schwämm ass iwwregens nëmmen 100 Meter ewech), souwéi eis Mediathéik wou ee Bicher, Filmer, CD ROM'en a villes méi ausléine kann.
spacer pixel

Pavillon Crauthem (Cycle 1)


Am Pavillon vum befannen sech d'Klasse vum Cycle 1 (Spillschoul a Précoce).
spacer pixel

Berchem Bas


An de Schoule vu Bierchem ginn et am Moment 3 Klassen aus dem Primaire (Mëttel- an Uewergrad). Zu der Schoul gehéieren och de Schoulhaff an eng kleng Spillplaaz. De Späicher ass ausgebaut, hei gët et eng Kichen an en zousätzleche Raum fir divers Aktivitéiten.
spacer pixel

Berchem Pavillon


Dës nei Schoul an der rue du Chemin de Fer gouf am November 2006 eröffnet ann hëlt d'Biechemer a Béiwenger Kanner vunn der Spillschoul a vum Ënnergrad op.
spacer pixel

Peppeng


Dëst Gebai gët den Ament nët méi als Schoul genotzt a steet de Vereiner zur Verfügung.
spacer pixel

Réiser


An der aler Schoul vu Réiser huet de Schoulrestaurant fir all d'Schoulkanner aus dem Réiserbann en Ënnerdaach font.
spacer pixel

Eise Schoulbus


Dat hei ass eise Schoulbus, deen zënter dem Schouljoer 2001/2002 a Betrieb ass. Den Dinosaurier-Design vum Bus gouf vum Ken, demols aus dem 6. Schouljoer vum Francoise Zens entworf.
spacer pixel


home | sitemap | print version | feedback and bug reports | about
last site update: 31/08/2010 @ 18:53:37 | visitors: 340427

olefa_transparent

Tout contenu © 2010 Ecoles et Administration Communale de Roeser