Aktuell News | All News uweisen
Fuesbal / Fuesdisco
29.01.2016Den 4.2 ass erëm Fuesbal a Fuesdisco am centre culturel zu Béiweng.
Hei fannt dir d'Affichen mat den Detailler!
Äispiste 2015
17.12.2015Och dëst Joer huet de Sportsgrupp eng Sortie op d'Äispiste organiséiert. Merci dofir!
D'Fotoën schwätzen fir sech:
news: Mediathéik
28.11.2015D'Equipe vun der Mediathéik war och dëst Joer erëm op d'Frankfurter Buchmesse, a si sinn mat ganz villen neien Bicher am Köfferchen heemkomm! All déi Neizougäng kann een ab elo ausléinen.
Och hunn d'Leit aus der Mediathéik sech vill Méi ginn fir all eis Wanter- Kleeserchers- a Chrëschtbicher prëtt eraus ze leeën.
Kommt luussen!
Urban Knitting goes Réiserbann
13.11.2015D'Réiser Schoul (Krautem a Bierchem) organiséiert en "Urban Knitting" an der Gemeng.
Mir siche Leit déi Loscht hunn ze heekelen, strécken oder wiewen. Vum Ufänger bis Profi ass jidderee wëllkomm.
Schoulufank
18.09.2015Mir hoffen dass all d'Schüler aus der Réiser Schoul eng flott Rentrée haten!
Op e flott Schouljoer 2015/2016!
5 vun 302 Elementer ginn op der Säit 18 vun 61 ugewisen ( | | | )
Navigatioun


