Du bass hei: Home

Aktuell News | All News uweisen



Online #!*Mediathéik an nei e-mail Adressen

14.03.2002

Vun elo un kann ee Bicher, Video Kassetten, DVDen, CD-ROMen a villes méi iwwer Internet an eiser Mediathéik bestellen. All Enseignant an all Kand huet säi Passwuert kritt fir an der Mediathéik ze bestellen, mat dësem Passwuert kann een iwwregens och eis Wiki Projets editéieren.

All Klass huet elo och seng eegen e-mail Adress, eng komplett Lëscht mat alle Klassen-Adressen fannt dir an eisem Mail Beräich.



Nei Méiglechkeeten fir Projets

21.11.2001

Vun elo un sinn eng Rei Projets online, un deenen sech all Klasse bedeelege kënnen. An deene nächsten Deeg kritt all Enseignant e Passwuert, matt deem een sech an e Projet aloggen an ännerunge maache kann. Folgend Themeberäicher si bis elo dobäi: 'Dschungel', 'Der wilde Westen', 'Geschichte', 'Geographie', 'Fledermäuse und Vampire', 'Wasser und Meer', 'Unterhaltung', 'Transport und Verkehr', 'Tiere und Pflanzen', 'Sterne und Weltraum', 'Musik', 'Musikinstrumente' a 'Wissenschaft und Technik'. Ausserdeem gët et ee Projet wou ee schreiwe ka wat ee wëll, sou dass een übe ka fir mam neie Programm eens ze ginn (den übungsprojet heescht 'TestWiki'). Wann dir eppes wëllt zu engem Projet bäidroen da klickt einfach uewe riests op der Säit op 'Edit', da kommt der automatesch an de Programm fir d'Projets ze editéieren.



D'Gemeng Réiser ass domatt déi éischt hei am Land, déi an der Schoul Wiki-Technologie asetzt. Et handelt sech dobäi em eng Technologie déi entwéckelt gouf fir grouss Projets matt einfache Mëttelen schnell ëmzesetzen, Wikien ginn ënner aanerem benotzt fir Dokumentatiounen am Betriebssystem-Beräich ze entwéckelen, an och vill grouss Firmen setzen intern op dës Technologie (zB Motorola an SAP).



www.roeserschool.lu accessibel

16.11.2001

Zënter haut kann een eisen Internet Server och iwwer d'Domain 'www.roeserschool.lu' erreechen. Et spillt dobäi keng Roll ob een 'roeserschool.lu' , 'www.roeserschool.lu' , 'roeserschool.net' oder 'www.roeserschool.net' am Browser agët, et kënnt een ëmmer op eisem Site eraus. Bei den eMail Adressen ass dat awer (nach) nët esou, hei muss een ëmmer 'roeserschool.net' benotzen (zB 'info@roeserschool.net').



Véier Klasseprojets online!

06.11.2001

Et sinn elo scho 4 Klasseprojets op eisem Site, déi een hei besichtege kann:Weider Klasseprojets si schon an Aarbecht, wann dir als Enseignant Froen hutt oder Hëllef braucht da schreift e #!*Mail un jos@roeserschool.net.



E neien #!*Internet Site fir d'Réiserbänner #!*Schoulen

05.11.2001

Vun haut un ass eise neien Internet Site online. Nach ass net alles färdeg, a verschidde Beräicher sinn nach net aktivéiert, mee dat wärt sech awer geschwënn änneren. Besonnesch interessant ass am Moment d'Online-Versioun vun eiser Mediathéik, wou der iwwer Internet an Intranet kënnt an eise Bicher wullen.





5 vun 301 Elementer ginn op der Säit 60 vun 61 ugewisen ( Éischt | Zeréck | Nächst | Lescht )

Statistik


14451
Artikelen an der Mediathéik
620
registréiert Benotzer

Login


Kalenner


Oktober 2021
MeDeMeDoFrSaSo

1

2

3

4

5

6

7

8

9

10

11

12

13

14

15

16

17

18

19

20

21

22

23

24

25

26

27

28

29

30

31


» zum Kalenner
Interna

Läscht INTERNA News
25-01-2018

News Feed


rss iconEise Feed abonnéieren

Erklärungen (Win / Mac)

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Dimmi! Sichere und direkte Kommunikation zwischen der Schule » Eltern / Erziehungs-berechtigten

Dimmi! Affiche