Du bass hei: Home

Aktuell News | All News uweisen



Schoulsportsdeeg 2005

25.03.2005

Mëttlerweil ass et scho bal eng Traditioun, dass och an der Réiser Gemeng virun der Ouschtervakanz den nationalen Schoulsportsdaag ofgehalen gët. Aus organisatorëschen Grënn gouf dëst Evenement awer erem op 2 Deeg opgedeelt: Während d'Kanner vum 3. bis 6. Schouljoer den Sportsdag donneschdes haten, koumen d'Spillschoulskanner an d'Kanner vum 1. an 2. Schouljoer freides drunn.

Um Programm stoungen ganz ënnerschiddlech Aktivitéiten, ënner anerem Karate, Judo, Self-Defense, Dëschtennis, Handball, Velo, Lafen, Step-Aerobic an Tauchen. D'Kanner kruten vun der Gemeng och eng kleng Stärkung an een flotten Souvenirs-T-Shirt offréiert.

Een Décken Merci nach eng Kéier un all d'Veréiner a Persounen, déi bei der Organisatioun an Duerchféierung vun desen flotten Deeg matgehollef hunn!




Info-Brochure2005

16.02.2005

De 16. Februar stellt d'Gemeng Réiser eng nei Brochure vir, déi se an Zesummenaarbecht mam Léierpersonal ausgeschafft huet. Sie huet den Titel "Fördermaßnahmen-Mesures d'encadrement" a soll d'Elteren an all un der Schoul interesséiert Leit informéieren, wat fir eng Moossnahmen zu Réiser bestinn fir d'Kanner besser an hierem Léieren ze ënnerstëtzen.




Kinderkasten am Bücherkasten

08.02.2005

INVITATIOUN

Wëllt Dir wëssen, wat de
« Kinderkasten am Bücherkasten » ass ?
Da kommt tëschent dem 15.2. an dem 28.2.
an d'Stad an d'Librairie op 30, rue Notre Dame.

Do waarden eis Lieblingsbicher op Iech,
mat eise Kommentaren a Fotoen.
Eis Bicher freë sech op Iech!

1. an 2. Schouljoer vu Crauthem
an hier Jofferen Martine Di Tullo, Véronique Thill,
Gaby Heijnsbroek a Cindy Schmitt





Fuesbaal vun der Vakanzcolonie

27.01.2005

Fir all Fuesboken ass en Donneschdeg, den 3. Februar Rendez-vous am Centre Culturel zu Béiweng an dat tëschend 15.00 an 18.00 Auer. Fir Animatioun ass gesuecht.

De schéinste Book gewënnt e Preis!

Den Erléis kënnt eise Klassen, déi an d'Colonie fueren, ze gutt.



Gesondheetswoch an eise Schoulen

18.01.2005

An der Woch vum 17. bis den 21. Januar gët an eise Schoulen eng Gesondheetswoch organiséiert. Do gin d'Kanner bekannt gemaach mat denen 3 Iesswuerefamillien, mat gesondem Kaffis-a Pauseniessen a Gedrénks asw. Mä fir ze iwwerzegen, geet d'Schwätzen net dur. All Dag gin aner Klassen an d'Kantin a schmaachen, probéieren a preparéieren gudd a gesond Iessen a Gedrénks. Déi meescht si begeeschtert, an esou hun och schons zwou Klassen decidéiert a Plaz an der Paus Kuch ze verkafen op Uebstzalot ëmzeklammen.

Op enger "Soirée des parents" den 18. Januar um 19.30 an der Schoulkantin zu Crauthem zum nämmlëschten Thema gin dann och déi interesséiert Elteren informéiert iwwert

- déi 3 Iesswuerfamillien
- d'Zesummesetzung vun engem gesonde Frühstück a Pauseniessen
- d'Nährwerter vun den Nahrungsmëttel an
- d'Liesen an d'Interpretéieren vun der Etiquette op der Verpackung vu Liewesmëttelen.

Mee och si därfen a solle schmaachen an esou erausfannen: gesond Iessen ass lecker.





5 vun 302 Elementer ginn op der Säit 49 vun 61 ugewisen ( Éischt | Zeréck | Nächst | Lescht )

Statistik


14427
Artikelen an der Mediathéik
541
registréiert Benotzer

Login


Kalenner


Oktober 2021
MeDeMeDoFrSaSo

1

2

3

4

5

6

7

8

9

10

11

12

13

14

15

16

17

18

19

20

21

22

23

24

25

26

27

28

29

30

31


» zum Kalenner
Interna

Läscht INTERNA News
25-01-2018

News Feed


rss iconEise Feed abonnéieren

Erklärungen (Win / Mac)

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Dimmi! Sichere und direkte Kommunikation zwischen der Schule » Eltern / Erziehungs-berechtigten

Dimmi! Affiche