Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Nächst Lescht

"Déi éischt Enquête vum Detektivbüro DS - Am Päiperleksgaart"

17.12.2025

Déi lëtzebuergesch Schrëftstellerin, Viviane Daman, ass all den C3.2.-Klassen vu Bierchem a Crauthem aus hierem neiem Buch: "Déi éischt Enquête vum Detektivbüro DS - Am Päiperleksgaart" virliese komm.





De Schrëftsteller; Nico Eich

17.12.2025

De Schrëftsteller, Nico Eich, ass all den C4.-Klassen vu Bierchem a Crauthem aus senge franséische Bicher : Les aventures de Mr. Dupont virliese komm.





Bamplanzaktioun 2025

10.12.2025

Im Zuge der Aufforstung des Waldes in Roeser, durften die Schüler aus den berchemer und krautemer Schulen bei der Neubepflanzung von Laub- und Nadelbäumen mitanpacken.

Insgesamt haben 25 Klassen, also rund 375 Kanner über 400 Bäume gepflanzt.

Hier findet ihr einige Eindrücke dieser Aktion.





Rentrée fir d’Schouljoer 2025/2026

15.09.2025

De 15. September fänkt daat neit Schouljoer un. No der Summervakanz fänken dann, mat grousser Freed a neiem Schwong iwwert 60 Enseignanten an iwwert 500 Kanner erem mat der Schoul un.

Jidderengem wënsche mir eng schéi Rentrée.

Am Schoulbued vun der Gemeng Réiser fannt dir vill wichteg Infoen.





Scheck Iwwerreechung "Pour une parenthèse"

16.07.2025

Am Kader vum Laf fir de gudden Zweck koum et e Méinden, de 14. Juli zu enger Scheck Iwwerreechung vun 12.000 Euro fir d ASBL "Pour une parenthèse"

Dëst Sue ginn an ee Futur Projet investéiert, deen et kranke Kanner an hire Familljen erméiglecht, gemeinsamen nach flott Momenter an engem Haus ze verbréngen.

D'ASBL a mir soen de Kanner merci fir hier Motivatioun, an de Familljen ee grousse merci fir d Done.





BRAVO! Charity-Run

02.07.2025

Den Organisatiounsgrupp seet iech all mee virun allem de Kanner e grousse Merci fir d’Engagement ob eisem éischte Charity Run. Mat ärer Hëllef mee virun allem dem sportlechen Esprit vun eise Kanner goufen am Ganzen 2382,32km zesumme gelaf an iwwer 10 000Euro konnten esou fir de gudden Zweck gesammelt ginn. Di genau Ausrechnung erfollegt an den nächsten Deeg esou ewéi d’Schéckiwwereechung. Mir halen iech all doriwwer au courant.

Merci iech all!

Den Organisatiounsgrupp





Annulation des cours et de la fête scolaire à Berchem – Mercredi 2 juillet 2025

01.07.2025

En raison des températures exceptionnellement élevées annoncées, nous vous informons qu’en vertu d’une décision du Collège échevinal de la Commune de Roeser, les cours seront annulés dans l’ensemble des écoles communales (du précoce aucycle 4) le mercredi 2 juillet 2025 à partir de 14h00.

Une surveillance sera néanmoins assurée dans les bâtiments scolaires respectifs de14h00 à 16h00, et le transport scolaire fonctionnera selon l’horaire habituel.

Le Service d’Éducation et d’Accueil (SEA) maintiendra également ses prestations aux horaires ordinaires..

Nous invitons les parents dont les enfants ne fréquenteront pas le SEA ce jour-là à bien vouloir effectuer une éventuelle désinscription dans les meilleurs délais via l’adresse suivante : contact@mr-roeser.lu.

Pour toute information complémentaire, notre service scolaire se tient à votre disposition à l’adresse ecole@roeser.lu.

Nous vous remercions de votre compréhension et votre collaboration.





Kolonie Neihaischen C3 2025

24.06.2025

De Cycle 3 vu Bierchem war vum 18. bis de 20. Juni an der Kolonie "Neihaischen".

Niewent flotte Spiller an der Natur hunn d SchülerInnen villes iwwert d Kelte geléiert; gebastelt; gekacht a sech gutt ameséiert.

Mir soen der Gemeng an der Kolonie ASBL ee grousse Merci, dat si eis des flott Erfarung méiglech gemaach hu.





Kolonie

18.06.2025

De Cycle 4.1 vu Krautem (d'Klassen Hermann, Hammerel an Dosser) si gutt um Europacamping zu Nommern ukomm.

Vill Spass!!





Mir ginn op d'Schlittschongspiste

01.03.2025

Mir soen der Gemeng e grousse MERCI, dass si eis et erméiglecht huet, d'Schlittschongspiste op der Kockelscheier, fir d'Schoulen vu Krautem a Bierchem ze lounen. Esou konnten baal 400 Kanner sech op dem Ais austoben an haaten vill Spaass.





Nächst Lescht