Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Éischt Zeréck Nächst Lescht

Sandmännchen & Co

14.11.2003

An Zesummenarbecht mat der 'Ligue luxembourgeoise de Prévention et d'Action médico-sociales' realiséieren d'Kanner aus allen Spillschoulsklassen vu Bierchem, Peppeng an Crauthem an dësen Deeg e Projet iwwer Schlofen an Dreemen.

D'Kanner schaffen u Biller a Geschichten an plangen eng Porte Ouverte, wou si hiren Elteren hir Arbechten wäerten präsentéieren.

Een Highlight as sëcherlech den Besuch vum 'Schlofland', wou d'Madame 'Gudd Nuecht' de Kanner d'Geschicht vum 'Charel' verzielt. An och de berühmten Sandmännchen wor bei eis op Besuch...




Nei Projeten op eisem Site

06.11.2003

Och am neien Schouljoer gouf scho vun de Schüler u verschiddenen Wiki-Projeten geschafft, déi der iech elo ukucken kënnt.



4. Schouljoer vum Martine Di Tullo

D'Kanner hun eng Ëmfro zum Thema Werbung duerchgefouert, ausserdeem fannt dir däitsch Geschichten (z.B. iwer Ausserirdescher) a franzéisch Gedichter zum Thema "la peur".

Schoul vu Bierchem

Am Kader vun hirem wöchentlechen Buchstaarwendag hunn d'Kanner aus dem éischten Schouljoer hir éischt Buchstaarwen um Computer (mam Painter Classic) a matt hirem Kierper duergestallt.
Tiere und Pflanzen

D'Kanner aus dem 3. Schouljoer beschreiwen, wat si zu Huelmes erliewt a geléiert hunn (z.B. iwert d'Hecken a Straicher, awer och wéi een Fiiz mécht). Ausserdeem stellt all Kand iech en Baam fir, deen et sech erausgesicht, ganz genau ugekuckt, gemoolt a beschriwen heut.


Mir halen iech um Lafenden, wann erem nei interessant Aarbechten online sinn. Vergiesst awer net, och e Bléck op all déi interessant Themen ze werfen, un deenen an de leschten Joeren geschafft gouf.



Website a Mediathéik: Rapport 2003/2004

22.07.2003

Zwee Joer nodeems de Réiser Schoulsite (www.roeserschool.lu) online gaang ass kann een eng duerchaus positiv Bilanz zéien.

D'Unzuel vun de Besucher ass ënnerhalb vun deene läschten 12 Méint vu knapp 8000 op iwwer 21500 geklomm, wat enger Besucherzuel vun iwwer 1000 pro Mount entsprëcht. De Site ass awer net nëmme consomméiert ginn, et gouf och vill geschafft - sou ass d'Säitenzuel vun ongeféier 300 op iwwer 860 geklomm, woubäi dee gréissten Deel vu Kanner matt Hëllef vun der Wiki Technologie gemaach gouf. Dësen Trend hält weider bäi sou dass et net méi wäit ass bis zur Marque vun 1000 Säiten. Och d'Unzuel vun de Biller ass eropgaang, vun iwwer 1000 op elo 4167.

Och dëst Joer war d'Mediathéik matt hiren 6207 Artikelen (bal 1000 méi wéi d'läscht Joer), dovun 5114 verschiddener, rëm e vollen Erfolleg: pro Dag kommen am Schnëtt 50 bis 100 Kanner an d'Mediathéik an et si permanent ronn 800 Bicher ausgeléint. Eis 5363 Bicher maache matt 86% dee gréissten Deel vun der Mediathéik aus, duerno kommen d'Zeitungen (3%) an d'Filmer (och 3%, dovun 159 VHS Kassetten a 60 DVDen). D'didaktescht Material mëcht matt 128 Artikelen nach 1% aus, des weideren ginn et 4 Kofferen, 31 CD-ROMen, 58 Audio CDen, 8 Audio Kassetten, 51 Schoulbicher, 49 Artikelen Bastelmaterial, 84 Artikelen Muséksmaterial a 17 Artikelen Computermaterial. All dës Artikelen kënne Kanner an Enseignanten iwwer Internet kucken, sichen, reservéieren, bewerten a kommentéieren.

D'Peronal vun der Bibliothéik huet weider un der Klassifikatioun vun den Artikele geschafft, wat et an Zukunft erméigleche soll nach méi konkret an der Datebank ze sichen. D'Unzuel vun den Artikelen matt Bild ass vun 1403 op 2052 geklomm, 862 Artikelen si matt Text verfügbar (679 Artikelen si souwuel matt Text wéi och matt Bild an der Datebank). E puer honnert weider Biller sinn am Moment a Préparatioun.

Nei waren dëst Schouljoer och de Kanner-Forum an de Pisa-Forum, wou ëmmerhin zesummen 100 Message geschriwwe gi sinn. Et ass allerdéngs och kloer dass am Forum fir Kanner wesentlech méi kéint lass sinn, wat dann eng vun den Aufgaben vum nächste Joer wärt sinn.

457 Benotzer sinn op eisem Site registréiert a kënne mat hirem Passwuert Dokumenter veränneren an Artikelen an der Mediathéik bestellen. Op eisem Webserver befannen sech insgesamt iwwer 20.000 Dokumenter, déi zesumme ronn 270 MB Plaz anhuelen an en Traffic vun iwwer 1 GB pro Mount produzéieren. Fir d'Mediathéik ass en interne Server zoustänneg, sou dass mer hei permanent eng héich Bandbreet zur Verfügung hunn. Béid Server benotze Linux (www.linux.org) als Betriebssystem an OLEFA (www.olefa.com) als Application Server.



Fotoen vum Schoulfest

16.07.2003



Eist Schoulfest war een groussen Succès. D'Wieder hat super matgespillt, an et waren immens vill Kanner an Erwuessener op eist Fest komm. Niewend enger ganzer Rei vu flotten Spiller ass virun allem den Spektakel "Roeser sucht den Superstar" immens gudd ukomm, wou d'Schüler déi opgetrueden sinn vun engem groussen Publikum (permanent iwer 100 Leit!) moralesch ënnerstëtzt ginn sinn. Och d'Iessen (Lasagne, Grill, Eisekuchen...) hunn eis Gäscht sech gudd schmaachen gelooss.

Links:
>>> Méi Fotoen vum Schoulfest
>>> Programm vum Schoulfest
>>> Méi iwert d'Colonies de Vacances



Schoulfest de 14. Juli

04.07.2003

Méindes, de 14. Juli ab 16 Auer fënnt am Haff vun der Crauthemer Schoul eist Schoulfest statt.

Vun 16 bis 18 Auer:
Spiller (Fëschen, Béchse schéissen, Geschécklechkeetsparcous, ...), T-Shirte molen (déi Kanner, déi wëllen een T-Shirt bemolen, sollen hiren vun doheem matbrengen), Gesichter molen, Tombola, Floumaart...

17:00: Bauerelotto
Als Gewëen e fräi wielbare Kuch vum Bäcker Gerard fir 10 Persounen

18:00: Roeser sucht den Superstar (Danzen)
D'Kanner kënnen eleng oder als Grupp optrieden, a versichen an der Kategorie "Danzen" sech als Superstar ze beweisen.

18:45: Stee vum Brandy
Mir hunn vum beschtbekannten lëtzebuerger Kënschtler Brandy eng Sériegraphie ofréiert kritt. Des wëlle mir um Schoulfest den 14. Juli géint 18:45 versteeën. Gréisst: 65x50; Oplag: 33/50. Et ass agerummt. Dir kënnt Iech d’Wierk vun 18:15 un an der Konferenz vun der Crauthemer Schoul ukucken. Eng Foto vum Bild gesidd dir och hei.
(Deen, deen et steet muss sur Place en Accompte ginn.) Avis aux amateurs !

19:00: Roeser sucht den Superstar (Sangen)
Et geet weider mat den zweeten Deel vun eiser Sich nom Superstar, des Kéier an der Kategorie Sangen. Et get live gesongen, keen Play-Back.

20:00: Singing Teachers
Als gemittlechen Ausklang vum Owend probéieren och d'Enseignanten nach e bëssen fir Stëmmung ze suergen.

Fir Iessen (Lasagne bolognaise & végétarienne, alles vum Grill, Zalotebuffet, Fritten, Kaffisstuff, Eisekuchen) an Drénken ass gesuergt.

Den Erléis vum Schoulfest geet un d'Colonies de Vacanes Réiserbann a.s.b.l. an erlaabt et, de Schoulklassen vu Réiser hir Kolonien ze sponsoren.

Links:
- Colonies de Vacances Réiserbann
- Offiziellen Site vum Brandy



Klassenverdeelung 2003/2004

20.06.2003

Desen Mëttwoch gouf op enger Réunion de Service d'Klassenverdeelung fir d'nächst Schouljoer ausgeschafft:

SchoulJoerTitulaire 02/03Titulaire 03/04
Berchem1eSchmit / PirrotteEric Falchero
Crauthem1eSinner / Schou / SchwarzCynthia Feidt
Crauthem1eKoetz / KettelVéronique Thill
Crauthem1eassistanceCindy Schmitt
Crauthem2eGeorges TurmesGeorges Turmes
Crauthem2eJeanne ScholtesJeanne Scholtes
Crauthem2eDani BeschPaul Klein
Berchem3eSandra PallevaSandra Palleva
Crauthem3eThill VéroniqueJohn Welter
Crauthem3eJohn WelterLiliane Cruchten
Crauthem3eLaurent KirschDenise Ruppert
Crauthem4eNorbert StrewelerNorbert Streweler
Crauthem4eFrancis KohnFrancis Kohn
Crauthem4eEdmée Feyder?
Crauthem2e, 3e, 4eAppui?
Berchem AssistanceLuc Gilbertz
Crauthem5eFalchero/Cruchten/SchmitLaurent Kirsch
Crauthem5eFalchero/Cruchten/SchmitAlain Jung
Crauthem5eAssistance?
Crauthem6eNadine DeischterNadine Deischter
Crauthem6eFrançoise Baillie-ZensFrançoise Baillie-Zens
Crauthem6ePatrice EntringerPatrice Entringer
Crauthem6eAssistanceNathalie Folschette

Déi Posten matt ? ginn nach zu engem spéideren Zäitpunkt besat.

Wéi Dir feststellen kënnt, ginn d'nächst Joer zu Crauthem am 1. an am 5. Schouljoer jeweils 2 Klassen vun 3 Enseignanten betreit, während am 6. Schouljoer 3 Klassen vun 4 Enseignanten betreit ginn. D'Ziel dovunner ass et, besser op d'Bedürfnisser vunn den eenzelnen Schüler agoen ze kënnen.

Zu Bierchem gouf een Schoulprojet ausgeschafft, zu deem der hei een Beschreiwungstext liesen kënnt (op däitsch an op franzéisch):

>>> Projet Bierchem



Coupe Scolaire

24.05.2003




Och dest Joer huet d'Elternvereenegung aus dem Réiserbann, an Zesummenaarbecht matt der Sécurité Routière, der Réiser Gemeng an der Schoul, d'Coupe Scolaire organiséiert. Zweck vun deser Manifestatioun ass et, d'Kanner aus den 5. an den 6. Schouljoer ze léieren, wéi si sech mam Velo richteg op der Strooss verhalen sollen.

Am Virfeld gouf an den Klassen d'Theorie präpaéiert an d'Kanner hunn een theoreteschen Test geschriwen. E leschten Donnegdeg war et dunn esou wäit, an d'Kanner sinn mam Velo een Wee vun enger Véirelsstonn duerch Crauthem a Réiser gefuer. Op villen Kontrollpunkten gouf gekuckt, op d'Kanner sëch un d'Vekéiersreegelen gehalen hunn (Richtung mam Aarm uweisen, no hannen kucken, Virfahrtsregelen beuerchten...)

Tëschent allen Kanner, déi gudd an der Coupe ofgeschnidden hunn, gouf zum Schluss een Finalist ausgeloust, deen un der nationaler Final deelhuelen kann. All d'Kanner déi matgemaach hunn, kruten awer och een kléngen Cadeau!

>>> Fotoen vun eiser Coupe Scolaire (18)

>>> Coupe Scolaire Nationale (Sécurité Routière)




Reflexiounsnometteg

26.04.2003

Virun zwee Méint gouf zu Réiser den Film SPITZE - Schule am Wendekreis der Pädagogik vum Reinhard Kahl (Archiv der Zukunft, ©2002) presentéiert. Als Suite douzou organiséiert den Comité de Cogestion Dënschdes, den 6. Mee een 2. Reflexiounsnomëtteg fir d'Léierpersonal aus der Réiser Gemeng ënnert dem Motto "Kollaboratioun ënnert Enseignanten". Bei deser Geleegenheet ginn och aktuell an zukünfteg Projeten präsentéiert an diskutéiert an Erfahrungen ausgetosch.

>>> Liest elo de Rapport vum Reflexiounsnomëtteg

Links:
Pisa-Forum
All News zum Thema Pisa uweisen (mat Live Rapporten)
OECD-Pisa



Schoulsportdag

04.04.2003





Den 3. oder den 4. Abrëll haten all eis Klassen e ganzen Moien interessanten Sportsaktivitéiten. All Klass konnt sech an 3 respektiv 4 vun den folgenden Atelieren aschreiwen:

Dëschtennis, Judo, Handball, Trampolin, Danzen, Fussball, Step-Aerobic, Schwammen, Velo, Lafen, Basketball, Bouschéissen, Psychomotorik, Sport an Ernährung.

Aus organisatoreschen Grënn waren donnegdes d'Kanner vum 3. bis 6. Schouljoer a vun der Ediff un der Rei, während freides d'Spillschoulen an d'1. an d'2. Schouljoeren hiere Sportsdag haten. Fir d'Verpflegung war gesuergt (Waasser, Vollkornbréidecher, Äppel a Banannen). Donnegdes mëttes haten außerdem den Tennis- an den Handball-Club eng Porte Ouverte, wou si sech virgestallt hunn.

Nach eng Kéier een décken Merci un all d'Veräiner a Leit, déi eis bei deser flotter Manifestatioun ënnerstëtzt hunn!

Fotoen vun den Schoulsportdeeg




Krieg im Irak

24.03.2003

Am 20. März gegen 3.30 Uhr hat im Irak der Krieg begonnen.
Dies ist sicherlich keine gute Nachricht und wir haben sogar gezögert sie auf unserer Homepage zu veröffentlichen.
Zeitungen und Fernsehsender bringen laufend Informationen zu den Hintergründen dieses Krieges und zu den aktuellen Ereignissen.
Diese Informationen sind für Kinder und Erwachsene oft nicht verständlich und richtig einzuordnen.

Da es keine Lösung ist NICHT darüber zu sprechen, auch wenn das ganze Thema schwer zu durchschauen ist, haben wir uns entschlossen auf die Kinder-Webseite des KIKA-Senders zu verweisen.
Hier wird versucht sachlich über das Thema zu informieren, und die Kinder über Begriffe aufzuklären, mit denen sie täglich konfrontiert werden.

LOGO - Nachrichten für Kinder.
In einem Forum können die Kinder auch ihre eigene Meinung dazu äußern.

Eltern können sich allerdings auch hier zu Wort melden.






Éischt Zeréck Nächst Lescht