Zum Haaptinhalt sprangen

kleng Gruppen

Wonschlëscht


Du hues no engem Buch gesicht an et net fonnt? Du bas der Meenung dass e wichtegt Buch an eiser Mediatheik feelt? Mir sin ëmmer frou fir Recommandatiounen ze kréien. Wanns du e Buch virschloe wëlls da click hei fir et op d'Wonschlëscht vun eiser Mediatheik ze setzen.
Kanner, déi keng sécher Lieser sin, liesen oft nët gären an dofir och wéineg. Mä grad dës Schüler mussen üben. Dozou hun se d'Gelegenhet an eise klenge Liesgruppen. Sou treffe sech Schüler aus dem Mëttelgrad e bis zwemol an der Woch an eiser Mediathéik. Ënnert der Ledung vum Gaby Heijnsbroek-Krein liesen se zesummen erausgesichte Bicher. Dobäi bleiwt all Kand genuch Zäit sech d'Wieder och beim haarde Viirliesen selbstänneg ze erliesen. Zesummen gin Texter gelies, Worterklärungen erschafft, Kommentaren zou de Bicher geschriwwen...