Zum Haaptinhalt sprangen

Bicherrallye

Wonschlëscht


Du hues no engem Buch gesicht an et net fonnt? Du bas der Meenung dass e wichtegt Buch an eiser Mediatheik feelt? Mir sin ëmmer frou fir Recommandatiounen ze kréien. Wanns du e Buch virschloe wëlls da click hei fir et op d'Wonschlëscht vun eiser Mediatheik ze setzen.
Liesralley

D'drëtt Schouljoer aus der Bierchemer Schoul vum Sandra Pallewa a Luc Gilbertz waren fir Bicherralley ugemeld. Am Cader vum Projet vun dëser Klass iwwert d'Bicher hu sech d'Schüler eng éischte Kéier an der getraff, fir den Opbau vun der Mediathéik an d'Ënnerdelungen vun de Bicher méi géne kennen ze léieren. Eng Woch spéider huet dunn d'Ralley statt fond. D'Froen, déi hu misse beäntwert gin, konnten all un Hand vun de Bicher, déi an de Regalen vun der Mediatheik stin, geléist gin. Dofir huet e sech missen gutt auskennen an d'Bicher de Rubriken zouurdne kënnen. Am anere Fall wär d'Sisch no de richtege Bicher schwireg a laangwireg gewiescht.

D'Klasse sin an zwe Gruppe agedelt gin. Je 8 Kanner hun e Froebou kritt. All Grupp huet d'Aufgabe tëschend hire Memberen opgedeelt an esou konnten d'Aufgabe an der festgesater Zäit geléist gin. D'Kanner hu bewissen, dat se sech gutt an der Mediatheik auskennen. An Zukunft wärten se besser a méi séier hir Lieblingsbicher eraussiche kënnen.