Zum Haaptinhalt sprangen

Liesnuechten

Wonschlëscht


Du hues no engem Buch gesicht an et net fonnt? Du bas der Meenung dass e wichtegt Buch an eiser Mediatheik feelt? Mir sin ëmmer frou fir Recommandatiounen ze kréien. Wanns du e Buch virschloe wëlls da click hei fir et op d'Wonschlëscht vun eiser Mediatheik ze setzen.
Liesnuechten


Liesnuecht vum 18. Februar 2004

Den 18. Februar 2004 war an der Crauthemer Schoul eis éischt Liesnuecht fir dëst Joer mat de Kanner aus dem 2. Schouljoer. Dës Nuecht stong ënnert dem Motto "Märecher".

Em 16.00 si mer alleguer an der Schoul bliwwen. Fir eis vun de Schoulstonnen ze erhuelen, ass dobaussen e bëssen gespillt gin. Um 17.00 Auer hu mer eis all am Schoulsall getraff. D'Schüler sin an dräi Gruppen opgedeelt gin. Et waren dräi Atelieren virgesin, an dene sech all Kéiers op eng aner Art a Weis mam Thema Märecher ausernengesat gin ass.

Am Computersall hun d'Kanner iwwert dat vun hinnen erausgesichte Märchen geschriwwen. Am Klassesall hun se driwwer gemolt.

An eiser Mediathéik huet all Grupp dann e Märchen, dat hir zougeloust gi wor, gelies. Uschléissend sin déi verschidde Märchefiguren erausgschafft gin. Wéi eng Helden waren am Stéck, wat war hire Rol...

Well all Märchen als kuerzt Theaterstéck viirgestallt sollt gin, sin d'Role opgedelt gin an durno war eng kuurz Prouf.

Géint 18.30 Auer huet sech esou lues bei jidderengem den Honger gemellt. Me och dofir war gesuergt. Et ass Panecher gin, déi e grousse Succès haten.

No dem Owesiessen si mer all zesummen an d'Mediathéik gang. Bei Käerzeluucht hu mer eis ët gemittlech gemat. Déi verschidde Gruppen hun hir Märecher opgefouert. Am Uschloss sin nach Geschichte viirgelies gin.

Geschwënn sin déi éischt Kanner midd gin. An de Räimlechketen vun der Mediathéik an dem Moralssall sin d'Better gemat gin. Jidderen konnt sech nach eng Nuetslektür eraussichen an nom Zännbotzen hu mer eis all an d'Fiedere gemat.

Et konnt nach e bësse gelies gin, mä ët huet nët laang gedauert bis déi éischt sech fir ze schlofen higeluecht hun. Géint elef Auer ass ët dunn roueg gin.

Den anere Moien hu mer all zesumme Kaffi gedronk. Frësch Bréidercher a Kakao hu midd Geeschter erëm monter gemat. Nodems dann alles zesummegepakt war, huet ët erëm geheescht: léieren. Dëse Moien huet den Unterrecht awer mat Turnen ugefang.






Liesnuecht vum 31. März 2004

Dës Liesnuecht gouf zesummen mat dem 4. Schouljoer von der Joffer Martine Di Tullo ënnerholl. No enger Paus am Nomëtteg hun sech d'Schüler an der Mediatheik getraff. Si sin an 3 Gruppen obgedeelt gin. Durno huet all Grupp an Atelieren geschafft.

- An der Mediatheik ass eng Bicherrallye ausgedroe gin. Un Hand vu Bicher an Dokumenter aus der Mediatheik hu missen Froe beäntwert gin, déi dann zou engem Léisungswuert gefouert hun.
- Am Klassesall duerften dunn Feler gemat gin. D'Schüler hun an en Text aus engem Sachbuch Fehler agebaut, déi hir Matschüler da spéider hu missen erausfannen.
- Am Computersall ass d'Pressekonferenz viirbered gin. D'Kanner haten sech e Sachbuch erausgesicht, dat sie hire Komeroden spéider viirstellen sollten, an zwar ënnert der Form vu Rollespiller, déi si an d'Welt vum Reporter, dem Fotograf an dem Verleger gefouert hun. An hirem jeweilegen Rol sollten si Text, Illustratiounen an Obmaachung vum Buch viirstellen an begrënnen.

Am spéiden Owend hu mer eis dann all am Filmsall versammelt wou bei Käerzeschein aus Bicher viirgelies gouf. Duerno hun sech d'Kanner an der Medaitheik an am Moralssall verdeelt, wou se hir Better fir d'Nuecht gemat hun. Bis géint 11.00 Auer war nach freit d'Liesen ugesot. Mä och nodems d'Luut ausgemat gi war, war ët nach nët roueg. Schliesslëch huet e jo nët all Owes d'Gelejenhet mat de Klassekomeroden an engem Raum ze schlofen an nach e bëssen mat hinnen ze poteren.