Zum Haaptinhalt sprangen

Schulorganisation

GEBAIER AN EISER GEMENG


KRAUTEM (Cycles 2-4)


Am grousse Gebai zu Krautem ginn et 16 Klassen, e Centre d'apprentissage, souwéi (um ieweschte Stack) d'Ediff.
An dëser Schoul gëtt et och e Bastelsall, e Filmsall an eng Turnhal (d'Schwämm ass iwweregens nëmmen 100 Meter ewech), souwéi eis Mediathéik wou ee Bicher, Filmer, CD-ROM'en a villes méi ausléine kann.
D'Mediathéik ass 2010 ganz erneiert a vergréissert ginn. Esou konnt d'Ausstellungsfläch méi wéi verduebelt ginn. Dësweideren ass d'Mediathéik elo och e richtegen Aarbechtsraum ginn. Do fënnt een dann och Computeren an e fest installéierte Projekter.




PAVILLON KRAUTEM (Cycle 1)


Am Pavillon vu Krautem befanne sech d'Klasse vum Cycle 1 (Spillschoul a Précoce).



BIERCHEM PAVILLON


Am Bierchemer Pavillon befanne sech d Klasse vum Cycle 1 (Spillschoul) a vum Cycle 2.



PEPPENG


Dëst Gebai gëtt den Ament net méi als Schoul genotzt a steet de Veräiner zur Verfügung.



REISER


An der aler Schoul vu Réiser huet d'Maison Relais fir all d'Schoulkanner aus dem Réiserbann en Ënnerdaach fonnt.



EISE SCHOULBUS


Dat hei ass eise Schoulbus, deen zënter dem Schouljoer 2001/2002 a Betrib ass. Den Dinosaurier-Design vum Bus gouf vum Ken, deemools aus dem 6. Schouljoer vum Francoise Zens, entworf.