Zum Haaptinhalt sprangen

Partnerschaft mit Turi

Jumelage mat der Stat Turi an Italien (Regioun Apulien / Provënz Bari)


E Jumelage zwësche Gemengen aus Europa huet als Zil, am klengen, zwëschen de Bierger, dat ze verwierklechen, wat mer och als europäesch Unioun ustriewen, näämlech eis méi no ze kommen um sozialen, politeschen, wiertschaftlechen a kulturelle Plang.

Virun allem soll esou e Jumelage eis erméiglechen, Kontakter iwwert eis nooste Grenzen eraus ze fannen an ze fleegen, fir eis och besser kennen a verstoen ze léieren.

D'Gemeng Réiser an d'Gemeng Turi aus Süditalien hunn am Laf vum Joer 2003 sech zweemol getraff, fir esou e Jumelage zesummen anzegoen.

Offiziell gouf dëse Partenariat de 5. Juni 2004, wéi déi zwee Buergermeeschteren, den Här Arthur SINNER vu Réiser an den Här Vito Nicola DE GRISANTIS vun Turi de Jumelage eng éischte Kéier zu Turi an Italien ënnerschriwwen hunn.
Déi zweete Kéier gouf dat offiziellt Dokument den 21. Juni zu Réiser ënnerschriwwen.


Ziler vun eisem Jumelage sin :

eng sozial a wiertschaflech Zesummenaarbecht fir déi zwou Gemenge weider ze entwéckelen,

innovativ Aktivitéiten am Ëmweltberäich ze ënnerstëtzen,

de kulturellen Austausch zwëschen de Kanner an de jonke Leit ze erméiglechen, ënnert anerem duerch Stagen an der Partnergemeng.

Fotogallerie - Visite zu Réiser, den 22. Abrëll 2005
Scrittori in erba - Visite zu Turi an der Scuola media, den 8. Juni 2006

De Website vun der Gemeng Turi