Zum Haaptinhalt sprangen

PDS

Mär brauchen Iech!




Wann Dir Elterevertrieder gitt, drot Dir dozou bäi, datt d’Schoul sech weiderentwéckelt an d’Schoulkanner ënnert optimale Konditioune léiere kënne.
All Elterendeel oder Erzéiungsberechtegte vun engem Kand aus der Réiser Grondschoul ka sech als Elterevertrieder wiele loossen.

De Plan de développement de l'établissement scolaire (PDS)


De Plan de développement de l'établissement scolaire (PDS) huet säit 2017 de Plan de réussite scolaire (PRS) ofgeléist.

An der Brochüre di hei verlinkt ass, fannt dir all Detailer zum PDS.

brochure PDS

De PDS fir d’Réiser Grondschoul


No engem detailléierten état des lieux vun eiser Situatioun zu Réiser hu mir eisen PDS formuléiert.

Mir hunn eis 2 Haaptziler gesat:

1. D'Schoul gëtt sech Instrumenter fir di bestoend an d'zukünfteg Projeten z'organiséieren,ze koordinéieren an doduerch besser no bannen a no baussen vermëttelbar an transparent ze maachen.

2. D'Schoul gëtt sech eng Prozedur fir zousätzlech Ressourcen an extern Intervenanten effikass anzesetzen.