Aktuell News | All News uweisen
Wantermaart
09.12.2018No engem Joer Paus, organiséiert d'Colonies de vacances a.s.b.l dëst Joer erëm den traditionellen Wantermaart.
Wéini: 19. Dezember 2018
Wou: Schoulhaff a Buvette Krautem
Auerzäit: vu 16 Auer bis 19 Auer
Wat erwaart Iech: leckert Iessen, Glühwäin, Kaffisstuff, an e speziellen Optrëtt!
Mir freeën eis Iech do ze begréissen!
» Galerie
Schlittschongpiste 2018
29.11.2018Et ass schonn Traditioun! All Joer geet d'Réiser Schoul op d'Kockelscheier op d'Schlittschongpiste. Wéi all Joer hate mir erëm vill Spaass. Kuckt selwer!
Merci dem Sportsgrupp fir d'Organisatioun, dem Guy fir den Transport, der Gemeng fir d'Erméiglechen, an den Elteren di gehollef hunn.
» Galerie
Film Peer Mediatioun
27.07.2018Eis aktuell Streitschlichter hunn ënnert der Leedung vum Conny Scholler, Nadine Sunnen a John Welter e Film gedréint fir ze erklären wéi eng Mediatioun ofleeft!
Dir kënnt iech dëse Film ënnert folgendem Link ukucken:
Médiateurs
Merci Conny fir deng super Aarbecht beim Schneiden vum Film, a Merci all de Streitschlichter déi an hirer Fräizäit an d'Schoul komm sinn fir dëse Film ze dréinen! Wat en Engagement!
Klass Nestler: gutt ukomm
04.07.2018De Cycle 3.2 vum Jennifer Nestler ass gutt an der Colonie ukomm!
Vill Spaass!
Schoulfest
29.06.2018De 6. Juli ass erëm ab 16. Auer eist traditionnellt Schoulfest am Krautemer Schoulhaff!
Mir soen der colonies de vacances a.s.b.l villmools Merci fir d'Organisatioun!
Wéi all Joer ass fir Iessen a Gedrénks gesuergt.
Ausserdeem hu mir:
- Spiller
- Bodykicker
- Spektakel
- Facepainting
- Candy-Spießer
- Tombola
- Buttons
Mir freeën eis op iech!
Visualisation de 5 sur 302 éléments sur la page 9 de 61 ( | | | )
Navigatioun




