Zum Haaptinhalt sprangen

Activités de lecture

Wonschlëscht


Du hues no engem Buch gesicht an et net fonnt? Du bas der Meenung dass e wichtegt Buch an eiser Mediatheik feelt? Mir sin ëmmer frou fir Recommandatiounen ze kréien. Wanns du e Buch virschloe wëlls da click hei fir et op d'Wonschlëscht vun eiser Mediatheik ze setzen.

Aktivitéiten an der Mediathéik




Kleng Gruppen


Kanner, déi keng sécher Lieser sin, liesen oft nët gären an dofir och wéineg. Mä grad dës Schüler mussen üben. Dozou hun se d'Gelegenhet an eise klenge Liesgruppen. Sou träffen sech d'Lieser aus dem Mëttelgrad 2 Mol an der Woch an der Mediathéik. Do liesen si zesummen ausgesichte Bicher. All Kand huet genuch Zäit fir sech och beim harde Virliesen d'Wieder selbstänneg ze erliesen.

Weider Informatiounen




Bicherralley


Et geet drems, fir den Opbau vun der #!*Mediathéik an d'Ënnerdelungen vun de Bicher méi géne kennen ze léieren. D'Froen, déi beäntwert mussen gin, kënnen all un Hand vun de Bicher, déi an de Regalen vun der #!*Mediatheik stin, geléist gin.

Weider Informatiounen

Liesnuechten


D'Kanner verbréngen eng flott Liesnuecht matt den Bicher aus eiser Mediathéik... Hei fannt dir Berichter iwwert déi eenzel Liesnuechten, déi bis elo stattfond hunn!

Weider Informatiounen

All Trimester sin e puer Datumer ugebuede gin, an denen Liesnuechten organiséiert konnte gin. Dovunner profitéiert hun 51 Kanner mat hiren Titulairen.

D'Liesnuecht vum 2. Schouljoer vum Pol stong ënnert dem Motto "Märecher". D'Kanner sin an 3 Gruppen opgedeelt gin, déi dann noeneen un verschiddenen Atelieren deelgeholl hun. Vir d'éischt huet all Grupp sech e Märchen ausgesicht, dat se bearbechte wollten. Dunn ass ët an d'Atelieren gaang.

Am Schreiwatelier hun d'Schüler iwwert hirt Märche geschriwwen.
Am Theateratelier hun se probéiert dat geliesend Stéck esou ëmzesätzen, dat si verschidden Szenen hire Klassekomeroden viirspillen konnten.
Zu gudder Läscht ass am Molatelier d'Märchen illustréiert gin.

Nom Owesiessen ass sech dann nach eng Kéier an der Mediatéik versammelt gin, wou bei Kärzeluucht nach virgelies an d'Theaterstécker viirgestallt si gin. Durno konnt all Kand am Schlofsak nach e bësse schmökeren bis ët ageschlof ass.

Bei der Liesnuecht vum 4. Schouljoer vum Martine hun d'Gruppen un enger Liesrallye delgeholl. Do hun se missen op Froe äntwerten. Fir dat ze kënnen, hun se missen verschidde Bicher an der Medaithéik fannen. Sou konnten d'Kanner beweisen dat se sech gudd an der Mediathéik auskännen.

Als näxt ass eng Pressekonferenz iwwert e Sachbuch, dat d'Kanner sech selwer erausgesicht haten, preparéiert gin. Am läschten Atelier hun därfe Feler gemaach gin. En Text ass esou verännert gin, dat e puer Feler agebaut goufen. D'Kanner aus denen anere Gruppen hun se durno missen fannen.

Bis spéit an d'Nuecht ass nach gelies a gepotert gin. Den anere Moien nom Kaffi war awer keng Zäit fir nach ze raschten, well dat eise Schoulsportdag war. Sou hat d'Middegket keng Chance fir Iwwerhand ze huelen.

Och 4. Schouljoer vum Norbert war ganz gespaant, wat an der Liesnuecht alles passéiere géif. Hiren Atelier bestoung aus enger Liesrallye duerch d'Mediathéik. Obwuel déi verschidde Gruppen a Konkurenz stongen, huet en dem anere weidergehollef, wann en ët méi viru komm ass. Hei huet e missen ënnert Beweis stellen, dat e geliesen Urdere verstan hat an se ëmsetze konnt.

No engem gudden Teller Spagettien sin d'Better opgebaut gin. All Kand konnt sech Bicher eraussichen déi hat interesséiert hun. No e puer Yogasübungen ass viirgelies gin. Spontan hun sech och Gruppe vu Kanner zesumme fond, déi sech géigesäiteg viirgelies an zesummen iwwert dat ent oder anert Buch diskutéiert hun.

Well bei eis Samsdegs keng Schoul ass, hun hun d'Elteren hir Kanner den anere Moien nom Kaffi ofgeholl.






Mëttesstonn


Emol an der Woch ass d'#!*Mediatheik fir déi Kanner op, déi an der Kantin iessen. Sie kënnen ë bësse raschten an an de Bicher stöberen. Déi Kléng kréie Geschichte viirgelies an erzielt.

Weider Informatiounen