Zum Haaptinhalt sprangen

Info

D'Technik hannert www.roeserschool.lu


De Website 'www.roeserschool.lu' ass den Internet Portail vun de Primärschoule vu Réiser (Lëtzebuerg). Op dëse Säite fannt dir Informatiounen iwwer eis Schoulen a Klassen souwéi eng ganz Rei Projeten vun eise Schüler a Klassen (Wiki Web Projeten). Ausserdeem gëtt et op eisem Website eis Online-Mediathéik, wou een och Artikelen online sichen a souguer bestelle kann.

www.roeserschool ass zënter Oktober 2001 online a stëcht virun allem duerch innovativ Konzepter ervir:

- www.roeserschool.lu war deen éischte Schoulsite zu Lëtzebuerg deen op engem Content Management System (CMS) baséiert war
- www.roeserschool.lu war deen éischte Schoulsite zu Lëtzebuerg dee Wiki Wiki Web Technologie agesat huet
- www.roeserschool.lu war deen éischte Schoulsite zu Lëtzebuerg deen eng interaktiv Online-Mediathéik gebueden huet.

Weider Informatioune ginn et op www.netschool.lu/roeserschool !!!

De www.roeserschool.lu website matt der News Datebank, de Wiki Wiki Web Projeten, der Online-Mediathéik an allen anere Funkitounen goufe matt Hëllef vum Olefa Server System (www.olefa.com) vun EducDesign SA (www.educdesign.lu) realiséiert.


Maschinen an eisem Netzwierk


Am Netzwierk vun de Réiserbänner Schoulen befannen sech folgend Computer:

- iwwer 100 Computer an de Klassen an am Computersall fir ze schaffen (Apple iMac an eMac ënner MacOS X).
- zwee Server (Crauthem a Bierchem) déi als Fileserver an Intranet-Server funktionnéieren (Sun Microsystems Cobalt Raq 550 ënner Linux/OLEFA).
- een Datebank-Server fir d'Mediathéik (Sun Microsystems Cobalt Cube ënner Linux/OLEFA).
- zwee Backup-Server (Apple PowerMac G4 ënner Linux/YellowDog zu Crauthem an Apple iMac mat Linux/YellowDog zu Bierchem).
- ee Webserver op deem den Internet Site matt allen interaktive Funktioune leeft (AMD/Athlon ënner Linux/OLEFA).

All Server gi vum Olefa Server System automatesch ënnereneen synchroniséiert.


Technologie am Réiserbänner Schoul-Netzwierk


olefa bannerThis server network and WWW site has been created with the Olefa Server System (currently running OSS version 24.4).
Olefa is an advanced server and content management system developed by EducDesign SA.
Both our web and database Linux servers are running the Apache Webserver.
Apache is a free webserver developed by the Apache opensource project (www.apache.org).
Our Internet WWW Server is a Linux (Red Hat) powered PC with an AMD Athlon processor at 1.8 ghz and 1 gb ram hosted by EducDesign SA, our database server is a Linux powered Sun Microsystem Cobalt Cube.
Linux is a free BSD UNIX based operating system developed by the Linux opensource project (www.linux.org).