Zum Haaptinhalt sprangen

Links

Links fir Schüler




BEE SECURE



Geolino - Natur, Technik, Wëssenschaften, aner Länner a Kulturen...



Sience.lu



Was ist was - Berichter a Reportagen iwer Saachen, déi's du schon ëmmer wëssen wolls.



Blinde Kuh - eng Sichmachinn speziell fir Kanner



FragFINN - eng Sichmachinn speziell fir Kanner



Wikimini - L¹encyclopédie pour enfants écrite par les enfants - Wikimini



Greenpeace 4 Kids - Informatiounen, Experimenter, Basteliddien a Spiller zum Thema Ëmwelt



Kindernetz - Reportagen, Informatioun, Forum, Chat, Spiller



Die Maus - Internetsäit zur "Sendung mit der Maus"... mat villen spannenden Sachgeschichten



Momes.net - Franzéisch Säit iwer Bicher, Bandes dessinées, Musék a Film, Spiller, Geschichten



Sowieso - Säit fir Kanner a Jugendlëcher mat Neiegkeeten iwwert Politik a Gesellschaft, Kultur a Sport.



OLEFAschool - Hei fënns du aner lëtzebuerger Schoulsäiten, déi och mat Wiki, Webbook asw. schaffen



WDR Klangkiste - Säit fir Kanner a Jugendlëcher iwwert d'Welt vun der Musék (Orchesteren a Big Bands)



WIKIMEDIA-COMMONS - frei-lizenzierte lehrreiche Medieninhalte (Bilder, Audio- und Videodateien) für jedermann


Schülerlinks


Lëtzebuerger Schoulen



Am Wiki-Editor op der Internetsäit vunn eiser Schoul kënnt dir Geschichten, Biller, Reportagen asw. veröffentlechen. Wann dir iech awer och dofir interesséiert, wat d'Kanner aus aneren Schoulen veröffentlecht hunn, da kuckt iech emol des Lëscht vun allen lëtzebuerger Primärschoulen unn, déi och eng Internetsäit hunn.

Op der Lëscht vun den Lycéen kënnt dir iech och iwert déi Schoulen informéieren, an déi dir villäicht nom 6. Schouljoer goen wëllt.

Kanner-Treff



Am Internet ginn et eng Rei Säiten, op deenen Kanner hir Meenung austauschen kënnen (z.B. zu Themen wéi Lieblingsfilmer, Muséksgruppen...). Hei fënnt een oft och ganz interessant Artikelen. Op verschiddenen Säiten kann een och mat aneren Kanner chaten.

Blindekuh
Hei fannt dir vill interessant Reportagen, mee dir kënnt och an der Rubrik Kinderpost selwer Geschichten, Witzer, Rezepter, Meenungen iwer Fussball... veröffentlechen.

Kindernetz
Hei ginn et och Diskussiounsforen zu villen Themen, wou dir är Meenungen austauschen kënnt. Themen sinn z.B. Bicher, Computer, Déieren, Stars... Zu bestëmmten Auerenzäiten kann een hei och mat aneren Kanner chaten. Weiderhinn ginn et och nach vill Quizen, wou dir äert Wëssen testen kënnt.

Cyberzwerge
Hei steet den Chat am Mëttelpunkt, et gin awer och Diskussiounsforen an eng ganz Partie Flash-Spiller (dat sinn Spiller, déi een direkt iwert d'Internet spillen kann, ouni dass een se als éicht installéieren muss). Fir dës Säit benotzen ze kënnen, muss een sech als éicht umellen, dat ass awer gratis.

Das WWW Kinderzimmer
Op deser privater Säit ginn et vill interessant Artikeln (z.B. iwer Dinosaurier, d'Innenliewen vun engem Computer...) an een spannend Gewënnspill, wou een flott Präiser gewannen kann.

Spielstraße
Dëst Portal bidd ënner anerem eng Suchmaschinn fir Kanner, Buchbeschreiwungen, kleng Flash-Spiller, an nach villes méi.

www.kidsweb.de
Eng flott Säit mat ville Basteliddien, wou och d'Kanner kënnen Themen eragin zu denen se gäre bastele wëllen.

www.mathabos.com
Op dësem Site fënns de vill kléng Spiller, interessant Informatiounen zu villen Themen, Geschichten a Märecher a villes méi. Des weideren kanns de do Franséisch a Rechnen üben.

www.momes.net
Dat hei ass e franséische Site Informatiounen an Chatméiglechkeeten zu villen Themen déi Kanner interesséieren, wéi Infos iwwert Bandes dessinées, Musék a Film, Spiller, Bicherviirschléi, Geschichte vu Kanner fir Kanner, engem Dictionnaire asw. Eng Seit riicht séch un d'Elteren.

www.kidsville.de
Kidsville ass e beléiften Kannerportal. Vill THemen ginn hei behandelt an dir kënnt och aktiv gin. An der Internautenschoul kanns de wichteg Saachen iwwert den Internet léieren.

www.hanisauland.de
Hanisauland ass eng Säit am Internet, op därs de Comicabenteuer, en interessante Politik-Lexikon, den der zu villen Froen Äntwerte gët a wous de och deng Froe stelle kanns, Infos zu Filmer a Bicher, Spiller, Links asw fënns.

www.die Maus.de
Du kucks gären d'Sendung mat der Maus? Dann hues de bestëmmt och Spaass op der heiter Säit. No der bekannter Manéier gin d'Sachgeschichte präsentéiert a Kannerfroen beäntwert. Flott Spiller a Basteliddien kompletéieren daat d'Ganzt.

Exercicen an Übungen



classedece
Hei kanns de Franséisch- a Rechenaufgabe léisen. Et sin och flott, kléng Geschichten do ze liesen ënnen op der Seit fënns an der Fënster JTMRSFsite déi verschidden Aufgaben déis de uklicken kanns.

Synonymes Ënnert der Rubrik "Dictionnaire des synonymes" kanns de Synonymen vu franséische Wierder fannen. Du gësst d'Wuert an d'Suchmaschin an a kriss Synonymen déi dat gefrotend Wuert ersetze kënnen.

Verbe konjugéieren
Hei fënns de d'Tableauen fir déi allermeescht franséisch Verben ze konjugéieren. Stells de d'Sprooch ëm fënns de däitsch, spuenesch, englësch.... Verben

Bastelseiten




Greenpeace
Du kenns bestëmmt Greenpeace, déi Organisatioun déi sech mat spektakulären Actionen fir eis Ëmwelt asetzt. Op dëser Seit stellt si sech fiir an huet speziell fir Kanner Informatiounen, Experimenter, Basteliddien a Spiller zum Thema Ëmwelt zesumme gedroen


Bibliothéik


Liesgeschichten
An der "bibliothèque des petits" kanns de der d'Sprooch erauswilen, an därs du gären d'Geschichten liese wëlls.




Zeitungen an Zeitschrëften am Internet



Vill aktuell Berichter fënnt een an den Zeitungen an Zäitschrëften. Engersäits ginn et natierlech speziell Kannerzeitschrëften, mee och an den "Zeitungen fir Erwuessener" ginn et oft Artikelen iwer top-aktuell Themen, déi fir Kanner interessant kënne sinn. Och fir Geographie-, Science- oder Geschicht-Aarbechten fannt dir hei eventuell interessant Material.

Zeitungen / Zäitschrëften speziell fir Kanner:

Geolino
Geolino beschäftegt sech (ähnlech wéi d'Zeitung Geo) matt den Themen Natur, Technik, Wëssenschaften, aner Länner a Kulturen... Des Artikelen sinn awer extra esou geschriwen, dass och Kanner se ouni Schwieregkeeten gudd verstoen kënnen. Kuckt einfach emol erann, dir fannt hei bestëmmt och Themen, déi iech interesséieren!

Was ist Was
Dir kennt bestëmmt d'Was ist Was Bicher aus eiser Mediathéik. Op der Internetsäit vu Was ist Was fënnt een awer net nëmmen Informatiounen iwert d'Was ist Was-Alben, mee et ginn do och aktuell Berichter a Reportagen. Sou get et z.B. all Woch och en neit "Thema der Woche".


Sowieso
Dës Säit riicht séch un Kanner a Jugendlëcher. Sowieso bréngt aktuell Neiegkeeten iwwert Politik a Gesellschaft, iwwert Kultur a Sport. D'Lieser kënnen awer och selwer aktiv gin. Si kënnen hir eege Meenung zu aktuellen Themen schreiwen, Froe stellen, mat aneren "diskutéieren" an un enger Geschicht vum Här Meier a vum Oskar matschreiwen.


Zeitungen / Zäitschrëften fir Erwuessener:

Geo (déi "grouss Schwëster" vun der Zäitschrëft Geolino)
PM (Interessant Artikelen iwer Technik, Geschicht, Geographie, Biologie...)
Spiegel (Aktualitéit)
Fokus (Aktualitéit)
Télécran (Kino, Fernseh, Lëtzebuerger Aktualitéit)
Revue (Kino, Fernseh, Lëtzebuerger Aktualitéit)

Knobelaufgab vum Mount:



All Mount get et op deser Säit eng kniwweleg Knobelaufgab. Wann dir iech zu e puer zesummen setzt, kritt dir dës Noss vläicht geknackt. Eventuell kann jo och är Léierinn oder ären Schoulmeeschter e bëssen mattgrübelen... All Mount ginn et d'Opléisungen vum Mount virdrunn.

Futtballweltmeeschterschaft 2006



hallowm.de
germany wm
fifacoupedumonde

Hei fënns de an däitscher oder franséischer Sprooch d'Resulatater vun de Spiller, de Spillplang, Statistiken, d'Stadionen an Infos ronderëm d'Weltmeeschterschaft 2006 an Däitschland.

Des Link-Sammlungen ginn nach ergänzt (virun allem och mat franzéisch-sproochegen Säiten). Dir kënnt och roueg eng Mail un schreiwen, wann dir e Link virschloen wëllt, deen nach op des Säit derbäi gehéiert.



Links fir Enseignanten




Lehrer-Online - Mat Reportagen an Neiegkeeten zu Pädagogie, Psychologie...



Schulweb - Ënner anerem mat engem Forum fir Kontakter zu Klassen aus aneren Länner hirzestellen (Korrespondenz-Projeten)



CNA - Liste de films et documentaires du CNA



Ministère de l'Education Nationale - Offiziell Säit



OLEFAschool - Informatiounen iwert d'Schoulen, déi och mat OLEFA schaffen



WIKIMEDIA-COMMONS - frei-lizenzierte lehrreiche Medieninhalte (Bilder, Audio- und Videodateien) für jedermann


Experimentieren in der Grundschule - Leitfäden für die Praxis



Das neue Fotokopieren in Schule - Fragen & Antworten