Zum Haaptinhalt sprangen

Colonie

D’Colonies de Vacances ass eng ASBL déi finanziell all déi Enseignanten ënnerstëtzt di wëlle mat hirer Klass an d’Kolonie goen.
Mir kréien all Joer e Subside vun der Gemeng an déi aner finanziell Mëttelen erschaffe mir eis duerch Don’en a verschidde Manifestatiounen, déi während dem Joer stattfannen
z.B. : Schoulfest, Fuesbal, Chrëschtmaart + verschidde Joeren iergendeng „extra Manifestatioun“ (Konscht-Event, Bimbo-Theater).

 

Am Oktober kucke mir all Joer wéivill an der Keess ass an deelen déi Zomm dann duerch d’Unzuel vun der Kanner déi an d’Kolonie wëlle fueren.
All Joer mussen d’Enseignanten déi wëlle mat hire Kanner an d’Kolonie fueren, sech bis d’Allerhellegevakanz, op en Ziedel, deen an d’Konferenz hänke kënnt, aschreiwen.

 

D’Kanner, d’Elteren an d’Léierpersonal déi ons Initiativ wëllen ënnerstëtzen, kënne sech gäre mat eis a Kontakt setzen. Mir si frou fir all Hëllef an Iddi.

 

Zesummesetzung vum Comité:

Presidentin:  Fabienne Schou 

Sekretärin:   Géraldine Hammerel

Caissières:   Cynthia Feidt & Carol Schmit

Delegéierten vun der Gemeng:  Sandra Carelli

Vertrieder vun der APE:

Weider Memberen: Mélanie Buchette, Carmen Mangen, Steffi Hipp, Esther Spindler

 

Kontakt: