Zum Haaptinhalt sprangen

Aktivitéiten

Mär brauchen Iech!




Wann Dir Elterevertrieder gitt, drot Dir dozou bäi, datt d’Schoul sech weiderentwéckelt an d’Schoulkanner ënnert optimale Konditioune léiere kënne.
All Elterendeel oder Erzéiungsberechtegte vun engem Kand aus der Réiser Grondschoul ka sech als Elterevertrieder wiele loossen.

Wat mär maachen


  • Mär huelen aktiv un der Organisatioun vun der Schoul deel a schaffen de Plan de réussite scolaire (PRS) mat aus.
  • Zesumme mat de schoulesche Partner hëllefe mär beim Organiséiere vu Réuniounen an anere Manifestatiounen.
  • Mär sinn d’Sproochrouer vun den Elteren a Schüler a proposéiere Verännerunge vun der Schoulorganisatioun.


Aktivitéiten a Manifestatiounen


D‘Elterevertrieder engagéieren sech haaptsächlech an zwou Aarbechtsgruppen:
  1. D᾽Elterevertrieder huelen un den Sëtzung vum Schoulkomitee deel.

    An dësem Grupp gëtt iwwert d’Uleies an d‘Erwaardunge vun den Elteren an dem Schoulpersonal diskutéiert. An enker Zesummenaarbecht gi Léisungen entwéckelt.

  2. Een Deel vun den Elterevertrieder ass och Member vum Grupp „PRS“ (Plan de réussite scolaire, Plang fir den Erfolleg an der Schoul). Den aktuelle PRS ass nach bis 2013 gülteg.

    Weider Informatiounen zum PRS