Schoul vu Krautem
Schoulklassen
An der Schoul vu Krautem ginn et ingesamt 17 Klassen (mam Centre d'Apprentissages), woubäi alles vum Cycle 2.1 bis zum Cycle 4.2 vertrueden ass. Am Gebai vum Préscolaire/Précoce ginn et zousätzlech 4 Spillschoulsklassen a 3 Précoce-Klassen.
» Klassen-Iwwersiicht
CDI
Am grousse Gebai befënnt sech um ieweschte Stack och de Centre pour le développement intellectuel (CDI).
» Säit vum CDI
Mediathéik
An eiser Mediathéik am Keller vun der Krautemer Schoul ginn et iwwer 5000 Artikelen, dorënner Bicher, Video Kassetten, DVDen, CD-ROMen a villes méi. D'Artikelen kann een och iwwer Internet kucken, duerchsichen, kommentéieren a reservéieren. Vun hei aus gin och d'Aktioune fir d'Liesförderung gefouert.
» Säite vun der Mediathéik
Filmsall
Um 1. Stack befënnt sech de Filmsall, an deem Kanner zesumme mam Enseignant Filmer (VHS and DVD) op enger grousser Leinwand kënne kucken. Hei leeft och eise Medieprojet, wou de Marc Braun zesumme mat de Kanner Filmer analyséiert, ausserdeem sti Videokameraen a Videoschnëttsystemer zur Verfügung.
» Méi Informatiounen zum Medieprojet
Computersall
An alle Klassen an eiser Gemeng ginn et Computer, zousätzlech hu mer e Computersall an deem e puer Kanner gläichzäiteg kënne schaffen.
Turnsall
Den Turnsall befënnt sech am Keller vun der Schoul vu Krautem. E besteet aus dräi Deeler, déi matt Ridoen ofgetrennt kënne ginn.
Schwämm
D'Schwämm zu Krautem ass e gemeinsame Projet vun de Gemenge Réiser, Weiler a Fréiseng. De Kanner steet hei e grousse Baséng zur Verfügung, wou se kënne schwamme léieren. D'Schwämm befënnt sech direkt niewent der Krautemer Schoul.
Spillplaz
Direkt ënnen un der Krautemer Schoul befënnt sech eng grouss Spillplaz mat ville Spillgeräter a vill Plaz fir sech auszetoben.
Kontakt
Ecole de Crauthem
42, rue Alexandre Schintgen
L-3330 Crauthem
Tél.:
Fax.:
Mail:
Stonneplang Cycles 2-4 (Bierchem a Krautem)
Montag-Mittwoch-Freitag | Dienstag-Donnerstag |
7.45-11.40 | 7.45-12.15 |
14.00-16.00 | - |
Stonneplang Cycle 1 Krautem
Montag-Mittwoch-Freitag | Dienstag-Donnerstag |
7.45-11.30 | 7.45-11.30 |
14.00-16.00 | - |
Stonneplang : Education précoce - Krautem
Montag-Mittwoch-Freitag | Dienstag-Donnerstag | |
Matin / Morgen | ||
Accueil / Empfang | 7.30-9.00 | 7.30-9.00 |
Venir chercher / Abholen | 11.30-12.00 | 11.30-12.00 |
Après-midi / Nachmittag | ||
Accueil / Empfang | 13.45-14.00 | x |
Venir chercher / Abholen | 16.00 | x |