School organisation
GEBAIER AN EISER GEMENG
KRAUTEM (Cycles 2-4)Am grousse Gebai zu Krautem ginn et 16 Klassen, e Centre d'apprentissage, souwéi (um ieweschte Stack) d'Ediff. An dëser Schoul gëtt et och e Bastelsall, e Filmsall an eng Turnhal (d'Schwämm ass iwweregens nëmmen 100 Meter ewech), souwéi eis Mediathéik wou ee Bicher, Filmer, CD-ROM'en a villes méi ausléine kann. D'Mediathéik ass 2010 ganz erneiert a vergréissert ginn. Esou konnt d'Ausstellungsfläch méi wéi verduebelt ginn. Dësweideren ass d'Mediathéik elo och e richtegen Aarbechtsraum ginn. Do fënnt een dann och Computeren an e fest installéierte Projekter. | |
PAVILLON KRAUTEM (Cycle 1)Am Pavillon vu Krautem befanne sech d'Klasse vum Cycle 1 (Spillschoul a Précoce). | |
BIERCHEM PAVILLONAm Bierchemer Pavillon befanne sech d Klasse vum Cycle 1 (Spillschoul) a vum Cycle 2. | |
PEPPENGDëst Gebai gëtt den Ament net méi als Schoul genotzt a steet de Veräiner zur Verfügung. | |
REISERAn der aler Schoul vu Réiser huet d'Maison Relais fir all d'Schoulkanner aus dem Réiserbann en Ënnerdaach fonnt. | |
EISE SCHOULBUSDat hei ass eise Schoulbus, deen zënter dem Schouljoer 2001/2002 a Betrib ass. Den Dinosaurier-Design vum Bus gouf vum Ken, deemools aus dem 6. Schouljoer vum Francoise Zens, entworf. |