Du bass hei: Home

Aktuell News | All News uweisen



Sandmännchen & Co

14.11.2003

An Zesummenarbecht mat der 'Ligue luxembourgeoise de Prévention et d'Action médico-sociales' realiséieren d'Kanner aus allen Spillschoulsklassen vu Bierchem, Peppeng an Crauthem an dësen Deeg e Projet iwwer Schlofen an Dreemen.

D'Kanner schaffen u Biller a Geschichten an plangen eng Porte Ouverte, wou si hiren Elteren hir Arbechten wäerten präsentéieren.

Een Highlight as sëcherlech den Besuch vum 'Schlofland', wou d'Madame 'Gudd Nuecht' de Kanner d'Geschicht vum 'Charel' verzielt. An och de berühmten Sandmännchen wor bei eis op Besuch...




Nei Projeten op eisem Site

06.11.2003

Och am neien Schouljoer gouf scho vun de Schüler u verschiddenen Wiki-Projeten geschafft, déi der iech elo ukucken kënnt.



4. Schouljoer vum Martine Di Tullo

D'Kanner hun eng Ëmfro zum Thema Werbung duerchgefouert, ausserdeem fannt dir däitsch Geschichten (z.B. iwer Ausserirdescher) a franzéisch Gedichter zum Thema "la peur".

Schoul vu Bierchem

Am Kader vun hirem wöchentlechen Buchstaarwendag hunn d'Kanner aus dem éischten Schouljoer hir éischt Buchstaarwen um Computer (mam Painter Classic) a matt hirem Kierper duergestallt.
Tiere und Pflanzen

D'Kanner aus dem 3. Schouljoer beschreiwen, wat si zu Huelmes erliewt a geléiert hunn (z.B. iwert d'Hecken a Straicher, awer och wéi een Fiiz mécht). Ausserdeem stellt all Kand iech en Baam fir, deen et sech erausgesicht, ganz genau ugekuckt, gemoolt a beschriwen heut.


Mir halen iech um Lafenden, wann erem nei interessant Aarbechten online sinn. Vergiesst awer net, och e Bléck op all déi interessant Themen ze werfen, un deenen an de leschten Joeren geschafft gouf.



Website a Mediathéik: Rapport 2003/2004

22.07.2003

Zwee Joer nodeems de Réiser Schoulsite (www.roeserschool.lu) online gaang ass kann een eng duerchaus positiv Bilanz zéien.

D'Unzuel vun de Besucher ass ënnerhalb vun deene läschten 12 Méint vu knapp 8000 op iwwer 21500 geklomm, wat enger Besucherzuel vun iwwer 1000 pro Mount entsprëcht. De Site ass awer net nëmme consomméiert ginn, et gouf och vill geschafft - sou ass d'Säitenzuel vun ongeféier 300 op iwwer 860 geklomm, woubäi dee gréissten Deel vu Kanner matt Hëllef vun der Wiki Technologie gemaach gouf. Dësen Trend hält weider bäi sou dass et net méi wäit ass bis zur Marque vun 1000 Säiten. Och d'Unzuel vun de Biller ass eropgaang, vun iwwer 1000 op elo 4167.

Och dëst Joer war d'Mediathéik matt hiren 6207 Artikelen (bal 1000 méi wéi d'läscht Joer), dovun 5114 verschiddener, rëm e vollen Erfolleg: pro Dag kommen am Schnëtt 50 bis 100 Kanner an d'Mediathéik an et si permanent ronn 800 Bicher ausgeléint. Eis 5363 Bicher maache matt 86% dee gréissten Deel vun der Mediathéik aus, duerno kommen d'Zeitungen (3%) an d'Filmer (och 3%, dovun 159 VHS Kassetten a 60 DVDen). D'didaktescht Material mëcht matt 128 Artikelen nach 1% aus, des weideren ginn et 4 Kofferen, 31 CD-ROMen, 58 Audio CDen, 8 Audio Kassetten, 51 Schoulbicher, 49 Artikelen Bastelmaterial, 84 Artikelen Muséksmaterial a 17 Artikelen Computermaterial. All dës Artikelen kënne Kanner an Enseignanten iwwer Internet kucken, sichen, reservéieren, bewerten a kommentéieren.

D'Peronal vun der Bibliothéik huet weider un der Klassifikatioun vun den Artikele geschafft, wat et an Zukunft erméigleche soll nach méi konkret an der Datebank ze sichen. D'Unzuel vun den Artikelen matt Bild ass vun 1403 op 2052 geklomm, 862 Artikelen si matt Text verfügbar (679 Artikelen si souwuel matt Text wéi och matt Bild an der Datebank). E puer honnert weider Biller sinn am Moment a Préparatioun.

Nei waren dëst Schouljoer och de Kanner-Forum an de Pisa-Forum, wou ëmmerhin zesummen 100 Message geschriwwe gi sinn. Et ass allerdéngs och kloer dass am Forum fir Kanner wesentlech méi kéint lass sinn, wat dann eng vun den Aufgaben vum nächste Joer wärt sinn.

457 Benotzer sinn op eisem Site registréiert a kënne mat hirem Passwuert Dokumenter veränneren an Artikelen an der Mediathéik bestellen. Op eisem Webserver befannen sech insgesamt iwwer 20.000 Dokumenter, déi zesumme ronn 270 MB Plaz anhuelen an en Traffic vun iwwer 1 GB pro Mount produzéieren. Fir d'Mediathéik ass en interne Server zoustänneg, sou dass mer hei permanent eng héich Bandbreet zur Verfügung hunn. Béid Server benotze Linux (www.linux.org) als Betriebssystem an OLEFA (www.olefa.com) als Application Server.



Fotoen vum Schoulfest

16.07.2003



Eist Schoulfest war een groussen Succès. D'Wieder hat super matgespillt, an et waren immens vill Kanner an Erwuessener op eist Fest komm. Niewend enger ganzer Rei vu flotten Spiller ass virun allem den Spektakel "Roeser sucht den Superstar" immens gudd ukomm, wou d'Schüler déi opgetrueden sinn vun engem groussen Publikum (permanent iwer 100 Leit!) moralesch ënnerstëtzt ginn sinn. Och d'Iessen (Lasagne, Grill, Eisekuchen...) hunn eis Gäscht sech gudd schmaachen gelooss.

Links:
>>> Méi Fotoen vum Schoulfest
>>> Programm vum Schoulfest
>>> Méi iwert d'Colonies de Vacances



Schoulfest de 14. Juli

04.07.2003

Méindes, de 14. Juli ab 16 Auer fënnt am Haff vun der Crauthemer Schoul eist Schoulfest statt.

Vun 16 bis 18 Auer:
Spiller (Fëschen, Béchse schéissen, Geschécklechkeetsparcous, ...), T-Shirte molen (déi Kanner, déi wëllen een T-Shirt bemolen, sollen hiren vun doheem matbrengen), Gesichter molen, Tombola, Floumaart...

17:00: Bauerelotto
Als Gewëen e fräi wielbare Kuch vum Bäcker Gerard fir 10 Persounen

18:00: Roeser sucht den Superstar (Danzen)
D'Kanner kënnen eleng oder als Grupp optrieden, a versichen an der Kategorie "Danzen" sech als Superstar ze beweisen.

18:45: Stee vum Brandy
Mir hunn vum beschtbekannten lëtzebuerger Kënschtler Brandy eng Sériegraphie ofréiert kritt. Des wëlle mir um Schoulfest den 14. Juli géint 18:45 versteeën. Gréisst: 65x50; Oplag: 33/50. Et ass agerummt. Dir kënnt Iech d’Wierk vun 18:15 un an der Konferenz vun der Crauthemer Schoul ukucken. Eng Foto vum Bild gesidd dir och hei.
(Deen, deen et steet muss sur Place en Accompte ginn.) Avis aux amateurs !

19:00: Roeser sucht den Superstar (Sangen)
Et geet weider mat den zweeten Deel vun eiser Sich nom Superstar, des Kéier an der Kategorie Sangen. Et get live gesongen, keen Play-Back.

20:00: Singing Teachers
Als gemittlechen Ausklang vum Owend probéieren och d'Enseignanten nach e bëssen fir Stëmmung ze suergen.

Fir Iessen (Lasagne bolognaise & végétarienne, alles vum Grill, Zalotebuffet, Fritten, Kaffisstuff, Eisekuchen) an Drénken ass gesuergt.

Den Erléis vum Schoulfest geet un d'Colonies de Vacanes Réiserbann a.s.b.l. an erlaabt et, de Schoulklassen vu Réiser hir Kolonien ze sponsoren.

Links:
- Colonies de Vacances Réiserbann
- Offiziellen Site vum Brandy



Now displaying 5 of 302 records on page 54 of 61 ( First | Previous | Next | Last )

Statistik


14401
Artikelen an der Mediathéik
541
registréiert Benotzer

Login


Kalenner


October 2021
MoTuWeThFrSaSu

1

2

3

4

5

6

7

8

9

10

11

12

13

14

15

16

17

18

19

20

21

22

23

24

25

26

27

28

29

30

31


» zum Kalenner
Interna

Läscht INTERNA News
25-01-2018

News Feed


rss iconEise Feed abonnéieren

Erklärungen (Win / Mac)

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Dimmi! Sichere und direkte Kommunikation zwischen der Schule » Eltern / Erziehungs-berechtigten

Dimmi! Affiche