Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

Website a Mediathéik: Rapport 2003/2004

22.07.2003

Zwee Joer nodeems de Réiser Schoulsite (www.roeserschool.lu) online gaang ass kann een eng duerchaus positiv Bilanz zéien.

D'Unzuel vun de Besucher ass ënnerhalb vun deene läschten 12 Méint vu knapp 8000 op iwwer 21500 geklomm, wat enger Besucherzuel vun iwwer 1000 pro Mount entsprëcht. De Site ass awer net nëmme consomméiert ginn, et gouf och vill geschafft - sou ass d'Säitenzuel vun ongeféier 300 op iwwer 860 geklomm, woubäi dee gréissten Deel vu Kanner matt Hëllef vun der Wiki Technologie gemaach gouf. Dësen Trend hält weider bäi sou dass et net méi wäit ass bis zur Marque vun 1000 Säiten. Och d'Unzuel vun de Biller ass eropgaang, vun iwwer 1000 op elo 4167.

Och dëst Joer war d'Mediathéik matt hiren 6207 Artikelen (bal 1000 méi wéi d'läscht Joer), dovun 5114 verschiddener, rëm e vollen Erfolleg: pro Dag kommen am Schnëtt 50 bis 100 Kanner an d'Mediathéik an et si permanent ronn 800 Bicher ausgeléint. Eis 5363 Bicher maache matt 86% dee gréissten Deel vun der Mediathéik aus, duerno kommen d'Zeitungen (3%) an d'Filmer (och 3%, dovun 159 VHS Kassetten a 60 DVDen). D'didaktescht Material mëcht matt 128 Artikelen nach 1% aus, des weideren ginn et 4 Kofferen, 31 CD-ROMen, 58 Audio CDen, 8 Audio Kassetten, 51 Schoulbicher, 49 Artikelen Bastelmaterial, 84 Artikelen Muséksmaterial a 17 Artikelen Computermaterial. All dës Artikelen kënne Kanner an Enseignanten iwwer Internet kucken, sichen, reservéieren, bewerten a kommentéieren.

D'Peronal vun der Bibliothéik huet weider un der Klassifikatioun vun den Artikele geschafft, wat et an Zukunft erméigleche soll nach méi konkret an der Datebank ze sichen. D'Unzuel vun den Artikelen matt Bild ass vun 1403 op 2052 geklomm, 862 Artikelen si matt Text verfügbar (679 Artikelen si souwuel matt Text wéi och matt Bild an der Datebank). E puer honnert weider Biller sinn am Moment a Préparatioun.

Nei waren dëst Schouljoer och de Kanner-Forum an de Pisa-Forum, wou ëmmerhin zesummen 100 Message geschriwwe gi sinn. Et ass allerdéngs och kloer dass am Forum fir Kanner wesentlech méi kéint lass sinn, wat dann eng vun den Aufgaben vum nächste Joer wärt sinn.

457 Benotzer sinn op eisem Site registréiert a kënne mat hirem Passwuert Dokumenter veränneren an Artikelen an der Mediathéik bestellen. Op eisem Webserver befannen sech insgesamt iwwer 20.000 Dokumenter, déi zesumme ronn 270 MB Plaz anhuelen an en Traffic vun iwwer 1 GB pro Mount produzéieren. Fir d'Mediathéik ass en interne Server zoustänneg, sou dass mer hei permanent eng héich Bandbreet zur Verfügung hunn. Béid Server benotze Linux (www.linux.org) als Betriebssystem an OLEFA (www.olefa.com) als Application Server.