Grondschoul vu Réiser
Nei Projeten op eisem Site
06.11.2003Och am neien Schouljoer gouf scho vun de Schüler u verschiddenen Wiki-Projeten geschafft, déi der iech elo ukucken kënnt.
4. Schouljoer vum Martine Di Tullo D'Kanner hun eng Ëmfro zum Thema Werbung duerchgefouert, ausserdeem fannt dir däitsch Geschichten (z.B. iwer Ausserirdescher) a franzéisch Gedichter zum Thema "la peur". | |
Schoul vu Bierchem Am Kader vun hirem wöchentlechen Buchstaarwendag hunn d'Kanner aus dem éischten Schouljoer hir éischt Buchstaarwen um Computer (mam Painter Classic) a matt hirem Kierper duergestallt. | |
Tiere und Pflanzen D'Kanner aus dem 3. Schouljoer beschreiwen, wat si zu Huelmes erliewt a geléiert hunn (z.B. iwert d'Hecken a Straicher, awer och wéi een Fiiz mécht). Ausserdeem stellt all Kand iech en Baam fir, deen et sech erausgesicht, ganz genau ugekuckt, gemoolt a beschriwen heut. | |
Mir halen iech um Lafenden, wann erem nei interessant Aarbechten online sinn. Vergiesst awer net, och e Bléck op all déi interessant Themen ze werfen, un deenen an de leschten Joeren geschafft gouf.