Grondschoul vu Réiser

Galileo Science Mobil kënnt erem op Réiser
19.04.2010Am Mee kënnt de Galileo-Sciencebus entlech erem op Réiser. 3 laange Joren hu mir misse waarden a freeën eis, dass elo erem eng nei Ausstellung am Science Mobil ass. Waat gëtt do gemach? Op einfach Aart a Weis a fir jidderee verständlech ginn do mat Schoulklassen Experimenter zu aktuelle wëssenschaftlechen an techneschen Theme gemaach. Dëst Joer kënnen eis Kanner sech op folgend Thema freeën: De Sënn vun de Sënner, Kucken, Richen, Schmaachen, Héieren, Taaschten.
Eis 5 Sënner si liewenswichteg. Si erméiglechen eis, d’Ëmwelt ze erkennen a warnen eis viru Geforen deene mir ausgesat sinn. Mee wéi funktionéieren d’Kucken, d’Héieren, d’Richen, d’Schmaachen oder d’Taaschten? A der Ausstellung, "de Sënn vun de Sënner", presentéiert de Galileo Science Mobil d’Biologie vun eise Sënnesorganer, a geet op d’Physique an d’Chimie an, déi mat de 5 Sënner verbonne sinn. D’Kucke wier zum Beispill ouni d’Luucht net méiglech, mee wat ass Luucht genee? Oder wat ass en Toun?
Technesch Detailer vum Galileo Science Mobil
Längt: 16,3 m
Breet: 2,55 m resp. 4,8 m auserneegeklappt
Héicht: 3,85 m