Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

Concert éducatif

20.11.2003


Leschten Mëttwoch, den 19. November woren verschidden Klassen (1. & 2. Schouljoer) aus eiser Gemeng op Rodange en Concert éducatif lauschteren. Den SCRIPT an den Centre Verdi aus der Stad hun op dëse Concert invitéiert, fir dat neit Muséksbuch "Klangmännchen" virzestellen.
D'Kanner konnten matklappen, schnippen, sangen, stampfen, ... an ët wor absolut net langweileg. Di 3 virtuos Muséker vun der Brigade d'Intervention Musicale (Luss, Änder an Sergio) hun bewissen, dass si nët nëmmen hir Instrumenter perfekt beherrschen, mee dass si och talentéiert Entertainer sin, déi d'Kanner an di Erwuessen fir d'Musék ze begeeschteren wëssen.
Den Henri Junck huet duerch den Programme geleed an d'Kanner op di verschidden Aspekter vun der Musék (Melodie, Dynamik, Klangfaarw, asw) opmierksam gemaach.
Um Programme stoungen vill bekannten Lidder aus allen musikaleschen Genren.