Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

Séchere Schoulwee

18.10.2002


"Séchere Schoulwee am Réiserbann" ass ee Projet, deen am Laf vum leschte Joer entstaanen ass. Eis Gemeng huet sech zum Ziel gesat, d'Geforen um Schoulwee vun de Kanner esou gutt wéi méiglech ze minimiséieren. Zesummen mat de Kanner goufen dunn d'Geforepunkten opgeholl (cf z.B. Wiki Projet Verkehrssicherheit in Berchem und Biwingen) an et gouf versicht Léisungen ze fannen.

Wann d'Kanner sech moies matt Zäiten op de Schoulwee maachen, ass et wichteg, datt si vun den Autoe gesi ginn. De Blinki (e liichtenden Teddy-Bär fir un de Rucksak, deen d'Gemeng de Kanner ausgedeelt huet) soll hiere Begleeder sinn duerch déi däischter Wanterméint.

Ausserdeem sin eis Trottoiren plazeweis matt grénge Féiss decoréiert ginn. Déi Féiss sollen de Kanner de séchere Wee an d'Schoul oder op de Bus weisen.

Et ass och geplangt, dass d'Enseignanten d'Kanner an nächster Zukunft eemol op hirem Schoulwee begleeden, fir si op méiglech Gefohrenpunkten ze sensibiliséieren an hinnen ze weisen, wéi een sech als Foussgänger am Stroosseverkéier verhalen soll.

Et ass kee Geheimnis datt frësch Loft zum Opbau vun den Ofwierkräften an zur Verbesserung vun der Leeschtungsfähegkeet bäidréit. Mir hunn elo versicht de Kanner d'Méiglechkeet ze ginn, sécher um Schoulwee hieren, dach esou wichtegen, Sauerstofftank opzefëllen.