Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

Nei Méiglechkeeten fir Projets

21.11.2001

Vun elo un sinn eng Rei Projets online, un deenen sech all Klasse bedeelege kënnen. An deene nächsten Deeg kritt all Enseignant e Passwuert, matt deem een sech an e Projet aloggen an ännerunge maache kann. Folgend Themeberäicher si bis elo dobäi: 'Dschungel', 'Der wilde Westen', 'Geschichte', 'Geographie', 'Fledermäuse und Vampire', 'Wasser und Meer', 'Unterhaltung', 'Transport und Verkehr', 'Tiere und Pflanzen', 'Sterne und Weltraum', 'Musik', 'Musikinstrumente' a 'Wissenschaft und Technik'. Ausserdeem gët et ee Projet wou ee schreiwe ka wat ee wëll, sou dass een übe ka fir mam neie Programm eens ze ginn (den übungsprojet heescht 'TestWiki'). Wann dir eppes wëllt zu engem Projet bäidroen da klickt einfach uewe riests op der Säit op 'Edit', da kommt der automatesch an de Programm fir d'Projets ze editéieren.



D'Gemeng Réiser ass domatt déi éischt hei am Land, déi an der Schoul Wiki-Technologie asetzt. Et handelt sech dobäi em eng Technologie déi entwéckelt gouf fir grouss Projets matt einfache Mëttelen schnell ëmzesetzen, Wikien ginn ënner aanerem benotzt fir Dokumentatiounen am Betriebssystem-Beräich ze entwéckelen, an och vill grouss Firmen setzen intern op dës Technologie (zB Motorola an SAP).