Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

Schoulfest den 13. Juli

02.07.2004

Dënschdes, den 13. Juli ab 16 Auer ass am Haff vun der Crauthemer Schoul eist traditionellt Schoulfest.

Vun 16.00 bis 21.00 Bodykicker am Schoulhaff ! !


Vun 16.00 bis 18.00 Kleng Spiller am Schoulhaff:
Kelespill, Heisser Draht, Baamspill, Pétanque, Rondel an d’Fläsch, Intefëschen, Braceleen maachen, Gesichter gemolt kréien,…

Ab 18.00 Auer: Roeser Sucht den Superstar (Danzen a Gesang)
D'Kanner versichen, sech an den Kategorien "Danzen" a "Sangen (live)" als Superstar ze beweisen.

Kuckt dem Léierpersonal déif an d'Aen…
Komm a sich dir däi Formulär fir bei eisem Aen-Quiz matzemaachen vun 16.00 un a gëff en bis 18.00 um Stand of.


Kulinaresches:
Fir Iessen (Paëlla, Gegrilltes, Fritten, Eisekuchen a Kaffisstuff) a Gedrénks ass gesuergt.



* * * * * * * * * * * * * * * * * * * * * * * * * * * * * *
"Family Barbecue" zu Bierchem

Mëttwochs owes, den 14. Juli feieren di Bierchemer Schoulkanner zesummen mat hieren Elteren an dem Léierpersonal d'Enn vum Schouljoër, oder besser gesot, den Ufank vun der Summervakanz.
Wéi all Joër gët och des Kéier erëm gegrillt a fir Animatioun ass och gesuergt.

* * * * * * * * * * * * * * * * * * * * * * * * * * * * * *



Den Erléis vun den Schoulfester geet un d'Colonies de Vacanes Réiserbann a.s.b.l. an erlaabt et, de Schoulklassen vu Réiser hir Kolonien ze sponsoren.

Link: Colonies de Vacances Réiserbann