Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

de Kleeschen wor do !

04.12.2003

Wéi all Joër as och dëst Joër erëm den 6. Dezember deen Dag, wou den Kanner hieren Wonsch vläit an Erfëllung geet. A ville Klassen gët fläisseg gebastelt, gemoolt, geschriwwen an gesongen an am Mëttelpunkt steet iwwerall den Mann mam laangen, rouden Mantel an wäissen Bart, de Kleeschen begleed vum Housécker.

Och an eis Schoulen koum den Kleeschen op Besuch fir deene brave Kanner an deene nach vill méi braven Léierinnen an Schoulmeeschteren eng kleng Tiitchen, en Boxemännchen an eng Mandarin ze schenken.

Ma deen een oder aneren krut vum Housécker eng laang Rutt. Hoffentlech schécken déi sech d'nächst Joër besser.

An dat nächsten Fest steet och schons virun der Dir: Krëschtdag. D'Schoulkanner invitéieren en Mëttwoch den 17. Dezember an d'Crauthemer Schoul op den traditionellen "Krëschtmaart", ufank um 15 Auer.