Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

Coupe Scolaire den 27. Mee

22.05.2004




Wéi all Joer organiséiert d'Elternvereenegung aus dem Réiserbann, an Zesummenaarbecht matt der Sécurité Routière, der Réiser Gemeng an der Schoul, d'Coupe Scolaire. Zweck vun deser Manifestatioun ass et, d'Kanner aus den 5. an den 6. Schouljoer ze léieren, wéi si sech mam Velo richteg op der Strooss verhalen sollen.

Am Virfeld gouf an den Klassen d'Theorie präpaéiert an d'Kanner hunn een theoreteschen Test geschriwen.

Den nächsten Donnegdeg fueren d'Kanner dann mam Velo een Wee vun enger Véirelsstonn duerch de Réiserbann. Op villen Kontrollpunkten get gekuckt, op d'Kanner sëch un d'Vekéiersreegelen halen (Richtung mam Aarm uweisen, no hannen kucken, Virfahrtsregelen beuerchten...)

Tëschent allen Kanner, déi gudd an der Coupe ofschneiden, get zum Schluss een Finalist ausgeloust, deen un der nationaler Final deelhuelen kann.

>>> Fotoen vum leschten Joer (Hoffentlech ass d'Wieder dest Joer besser!)