Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

Schoulfest de 14. Juli

04.07.2003

Méindes, de 14. Juli ab 16 Auer fënnt am Haff vun der Crauthemer Schoul eist Schoulfest statt.

Vun 16 bis 18 Auer:
Spiller (Fëschen, Béchse schéissen, Geschécklechkeetsparcous, ...), T-Shirte molen (déi Kanner, déi wëllen een T-Shirt bemolen, sollen hiren vun doheem matbrengen), Gesichter molen, Tombola, Floumaart...

17:00: Bauerelotto
Als Gewëen e fräi wielbare Kuch vum Bäcker Gerard fir 10 Persounen

18:00: Roeser sucht den Superstar (Danzen)
D'Kanner kënnen eleng oder als Grupp optrieden, a versichen an der Kategorie "Danzen" sech als Superstar ze beweisen.

18:45: Stee vum Brandy
Mir hunn vum beschtbekannten lëtzebuerger Kënschtler Brandy eng Sériegraphie ofréiert kritt. Des wëlle mir um Schoulfest den 14. Juli géint 18:45 versteeën. Gréisst: 65x50; Oplag: 33/50. Et ass agerummt. Dir kënnt Iech d’Wierk vun 18:15 un an der Konferenz vun der Crauthemer Schoul ukucken. Eng Foto vum Bild gesidd dir och hei.
(Deen, deen et steet muss sur Place en Accompte ginn.) Avis aux amateurs !

19:00: Roeser sucht den Superstar (Sangen)
Et geet weider mat den zweeten Deel vun eiser Sich nom Superstar, des Kéier an der Kategorie Sangen. Et get live gesongen, keen Play-Back.

20:00: Singing Teachers
Als gemittlechen Ausklang vum Owend probéieren och d'Enseignanten nach e bëssen fir Stëmmung ze suergen.

Fir Iessen (Lasagne bolognaise & végétarienne, alles vum Grill, Zalotebuffet, Fritten, Kaffisstuff, Eisekuchen) an Drénken ass gesuergt.

Den Erléis vum Schoulfest geet un d'Colonies de Vacanes Réiserbann a.s.b.l. an erlaabt et, de Schoulklassen vu Réiser hir Kolonien ze sponsoren.

Links:
- Colonies de Vacances Réiserbann
- Offiziellen Site vum Brandy