Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

PISA-Diskussiounsowend fir Elteren (an Enseignanten)

06.02.2003

DISCUSSIOUNS-OWEND iwwert d'PISA Studie an de Film 'SPITZE-Schule am Wendekreis der Pädagogik', vum Reinhard Kahl (Archiv der Zukunft ©2002) zu Béiweng am Kulturzenter.
Präsent sin 53 Leit. d'Elteren vun de Réiser Schoulkanner, soss Interesséierter an natiirlech och Enseignanten an als Represantant vum Schefferot d'Pierrette FERRO.
  • Mir hun nom Film nach eng Projektioun mat den Haaptgedanken aus dem Film an mat Informatiounen zu der PISA-Etude gekukt.
  • No enger kurzer Kaffispaus erzielt de Patrick Arendt vun sénger Rees a Finnland, wou hie mat enger Delegatioun de finnesche Schoulsystem besiche war.

    Leit kënnen nach Froen dozou stellen, an och hier Meenung zum Film abréngen.
    Hei e puer Stëchwieder aus der uschléissender Diskussioun:
  • Wéi huet Finnland de Sprong vum alen zum neie Schoulsystem gepackt? Gesamtschoul as e wichtegen Aspekt vun der Schoulreform.
    D'Ausbildung vun den Enseignanten as eng ganz aner.
  • Aennert sëch dann elo eise Schoulsystem?
  • War de PISA-Test schlecht duerchgefouert? Kommen dohier déi Resultater? As dei Diskussioun nët eng Alibi Diskussioun?
    As de fait, dat Schüler eventuell d'PISA-Tester nët seriös geholl hun grad en Indiz dofir, dat mer eng falsch Mentalitéit erunzillen. Nämlech déi, dat wann ët net fir d'Zensur zielt, gët ët net eecht geholl.
  • D'Bewertungsmethoden zu Lëtzebuerg sin ëmmer dorop ausgeriicht, ervierzehiewen, wat d'Kanner nët kënnen.
  • D'Finne fänke méi spéit mat dem Schoulufank un. Oft kënne se scho liesen wann se an d'Schoul gin. Dat gët nët als Problem empfond mee als Räichtum.
  • De Schoulsystem as awer ganz exigent. Allerdéngs gin d'Finnen dovun aus, dat een 9 Joer zäit huet, fir d'Zieler ze erreechen.
  • Wat as d'Roll vun den Elteren?
  • Wéi as ët mat Hausaufgaben.
    Sie hun eng Ganzdagesschoul - wou Kanner eben och de ganzen Dag enkadréiert gin. Hausaufgaben gët ët kaum. D'lëtzebuerger Schoul baut staark op d'Elteren op a verstärkt domat d'sozial Differenzen.
  • Klasseneffektiver: D'Schoulorganisatioun as eng ganz aner. Deelweis as den Unterrecht ganz stark differenzéiert, a méi héige Klasse, gin ët awer och grouss Klasseneffektiver. Frontalunterrecht gët ët awer och.
  • Eng Fro déi opbleiwt. Wat investéiert Lëtzebuerg eigentlech an d'Bildung am Verglach mat anere Länner a wouhi gin d'Souen?
  • D'Diskussioun geet kuurz ëm d'Bicher an d'Programmer. Nees as Finnland do eng aner Welt. De Curriculum d.h. de Léierplang as méi op, an eben nët esou op faerdeg Programmer ausgeriicht.
  • Wéi gin d'Enseignanten do agestallt? Sin dat och Staatsbeamten? D'Autonomie vun de Schoule geet ganz wäit. Den Direkter a Finnland stellt d'Leit an - an handelt esouguer e Kontrakt mam jeweilegen Enseignant aus.
  • D'Schoul baut och staark op Teamarbecht op. Nët nëmmen Enseignanten, me och Sozialpädagogen, Psychologen asw. sin do drënner. Problemer kann een anescht ugoen.
  • As eng Schoul wou vill Mouvement as, déi richteg Léieratmosphär? D'Organisatioun entsteet aus der Noutwändegkeet ofwiesselnd a Gruppen oder Individuell ze schaffen. Dat Léieren as dann einfach en anert, wat nët esou op Nolauschteren opbaut.
  • A Finnland gët och mol 'stur' geübt an am grousse Klassegrupp geschafft. Déi Method iwwerweit awer nët. Zu Lëtzebuerg iwwerweit de Stress d'Mass vun der Matière nët bewältegt ze kréien an d'Kontroll iwwert d'Schüler ze verléieren.
  • Si Kanner déi an esou eng Schoul gin richteg op den Drock an der Gesellschaft an am Berufsliewen viirbereed?
    T'as nët esou, dat d'Kanner a Finnland nët leeschtungsorientéiert génge schaffen. Hier Autonomie schéngt awer d'Basis fir eng aner Motivatioun ze sin.
  • Soll een d'Angscht hun, dat elo einfach nees mat de Kanner experimentéiert gët?
  • Kann een nët an enger Gemeng emol e Projet ëmsetzen, wou een mat finneschem Léierpersonal zesummen probéiert en anert Schoulkonzept unzegoen?
    Esou e Projet verlaangt allerdéngs duerno dat Elteren matmachen an ët esouguer a Gang bréngen.
  • Wien as dann eigentlech géint de System, de mer do elo gesin hun? Dat Kanner frou an d'Schoul gin, a gären léieren, dogéint ka jo eigentlech kee sin.
  • Et gët villes probéiert, och zu Lëtzebuerg. Leider as kaum e Suivi vu esou Initiativen. Dësweideren as ët schwéier op enger Plaaz an an enger Schoul eng kritesch Mass vun Enseignanten zesummen ze kréien.
  • Den offizielle Schouldeel läit ënnert der Responsabilitéit vum Ministère. D'Kantin an d'Hausaufgabenhëllef as eng kommunal Initiativ, mat anerem Betreiungspersonal. A Finnland as dat e Ganzt.
  • Wat fir eng Auswierkungen huet de finnesche Schoulsystem, dee jo schon 20 Joer besteet, op d'Gesellschaft, d'Wirtschaft an d'Famill?
  • Teamteaching as bei eis nach eng Saach, déi zum Beispill als Modell méiglech as, a gët och ausprobéiert, mee wéineg dokumentéiert. Elteren sin awer vum Modell zum Deel ganz iwwerzeecht well se d'Asuwierkungen dovun un hiere Kanner erkennen. Fir d'Verbreedung vun enger gudder Praxis feelt ët zu Lëtzebuerg awer un de Strukturen, an um Wëllen.
  • As eng Schoul déi op Teamgeescht opbaut, nët och en Mëttel géint de 'burn-out'vum Enseignant?
  • Wou gët d'Basis vum géigesäitege Respekt geluecht? Läit d'Responsabilitéit méi beim Elterenhaus oder awer och an der Schoul? Kann d'Schoul kompenséieren, wat d'Elterenhaus nët leescht?
    De Respekt deen de Kanner an der Schoul entgéint bruecht gët, z.B. duerch d'Unerkennen vun hiere Méiglechkeeten a Leeschtungen, huet e wichtegen Undeel un der Mentalitéit, déi d'Kanner duerno entwéckelen.

    Hei fënd een nach weider Informatiounen zum Film: Videofilm von Reinhard Kahl

    All News zum Thema PISA uweisen

    Schreif déng perséinlech Meenung an eise PISA-FORUM a lies wat anerer zu wichtege Schoulthemen denken.