Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

Bodykicker Turneier

28.06.2022

Du wolls schonn ëmmer eemol der ganzer Schoul weisen, dass du e Fussballprofi bass?

 

Du wolls och schonn ëmmer eemol denger Joffer oder dengem Schoulmeeschter weisen, wéi gudds de spille kanns.

 

An du wolls schonn ëmmer eemol géint deng Joffer oder däi Schoulmeeschter spillen?

 

 

Mëttwochs, den 13.7 kanns du dat alles maachen: UM BODYKICKER

 

Wéi funktionnéiert dat? Fann dech mat dengen 5 Kollegen als Equipe (eng Equipe besteet aus 6 Spiller)

 

Gitt Iech e coolen Equipen-Numm (dir kënnt och e Logo entwerfen)

Schéckt dem Tim (tim.penning@education) bis den 8.07.2022 ee Video an deem dir eis weist, firwat grad DIR sollt déi Auserwielte sinn fir géint Enseignanten dierfen ze spillen!

Opgepasst! D’Platzen si limitéiert an nëmmen déi  3 iwwerzeegensten Equipen gi geholl.

 

Gitt kreativ a weist eis, wien de Bodykicker-profi 2022 soll sinn!!!






» Fotoen