Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

Televie

11.03.2003

Dëse 5ten Abrëll as iwerall am Land groussen Télévie Dag. D'Actioun Télévie ënnerstetzt d'Recherche géint de Kriips a speziell géint d'Leukémie bei de Kanner.

Den John Rech an den Eric Falchero hun speziell fir dësen Dag en Lidd geschriwwen, dat si zesummen mat villen lëtzebuerger Muséker opgeholl hun. Mat dobäi woren och d'zweet an d'véiert Schouljoër vun Bierchem. Zesummen mat ODC (Talents 2002) hun si mat vill Engagement an den Linster Studios den Refrain gesongen an opgeholl.



D'Maxi-CD mam Lidd "deng Hand" kënnt an den nächsten Deeg an d'Plakkebuttécker an ët gët esou guer e Video produzéiert, wou d'Kanner natierlech och mat derbäi sin.

Den Erléis geet selbstverständlech un d'Actioun Télévie.

Gitt der Hoffnung eng Chance. Maacht mat beim Télévie!