Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

Kachbuch

11.02.2003

D'Klass vum Josette Schütz a vum Sylvie Conrady hun zesumme mat de Kollege Rita Bleser a Felicie Entringer vun Duelem e Projet iwwert Kachen duerchgefouert an bei deer Geleenheet e Kachbuch zesummegestallt. De Projet as iwwert een Trimester gelaaf. D'Kanner hu Rezepter geschriwwen an se selbstverständlech och ausprobéiert an d'Resultat dovun opgiess. Et huet hinnen all kéier gut geschmacht. D'Kachbuch op CD-ROM kann an der Mediathéik ausgeléint gin et heescht: "Wir kochen"

Eng flott Inspiratioun an dësem Kontext war sëcher och D'Buch 'De Bräiläffel - Ein Kochbuch für Kinder' vum Nadine Bissen, Christiane Müler a Christian Wolzfeld.

D'Kachbuch as geschwënn och an der Mediathéik verfügbar. Fir weider Informatiounen soll een sëch un d'Sylvie Conrady oder un d'Josette Schütz wenden.

Nach eng interessant Initiativ zum selwechten Thema, war de Projet 'GESOND IESSEN - GESOND LIEWEN' vum Liliane Cruchten a Sandra Palleva.