Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

Besuch vum Guy Rewenig

10.02.2003



An deenen leschten Wochen war de bekannten lëtzebuerger Schrëftsteller Guy Rewenig e puer mol an eiser Schoul zu Gaascht. Hien huet deenen interesséierten Klassen aus séngen Wierker virgelies. Duerno huet hien de Kanner Froen beäntwert (souwuel iwert séng Texter, wéi och iwert den Beruff vum Schrëftsteller).

Hei e puer Auszich, déi eisen Kanner besonneg gudd gefall hunn:
"Et muss en dat Lach mat den Zänn hannendrun kussen." (Thierry)
"D'Vanessa schéckt dem Jean-Claude e Bréif mat engem Knätsch. Hat huet deen 8 Deeg lang geknäscht. De Jean-Claude kann en och knätschen, muss en awer dem Vanessa zeréck gin wann en färdeg as." (Gwendy, Sarah, Vanessa)

Weider Auszich fënnt een am Wiki-Projet vun der Klass Deischter.