Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

Eise Website: Conclusioun nom éischte Joer online

25.06.2002

Vum 15. September bis zum 25. Juni waren iwwer 7600 Besucher op eisem Internet Site. De Site, dee lues a lues iwwert d'Joer vervollständegt gouf (awer leider nach net ganz färdeg ass), bidd enzwëschen e gudden Iwwerbléck iwwer d'Schoulen, d'Klassen an d'Aktivitéiten an eiser Gemeng. Vir den Ufank vum nächste Schouljoer sollen nach virun allem déi interaktiv Beräicher souwéi déi geschützte Beräicher fir d'Enseignanten färdeg gemaach ginn.
Zënter e puer Méint ass och d'Wiki Technologie op eisem Site voll verfügbar. Nierft de Klassesäiten ginn et virun allem eng ganz Rei Themen, un deene Kanner eenzel, a Gruppen oder als Klass schaffe kënnen. Dank Wiki Technologie kënne Kanner an Enseignanten selwer Säiten um Site bäimaachen a veränneren ouni op d'Hëllef vun aaneren ugewisen ze sinn. An deene läschte Méint sinn esou ronn 300 Säiten op eisem Site entstan. Leider gouf nach net vill un de Klassesäite geschafft, wat sech allerdéngs am Laaf vum nächste Schouljoer ännere soll. Nierft den Texter sinn och eng ganz Rei Biller online gaang (insgesamt iwwer 1000), dorënner gemolte Biller vun de Kanner, Fotoen a villes méi.
An eiser Mediathéik befannen sech elo 5310 Artikelen, dovun 4458 verschiddener, dat ganzt Material gëtt iwwer den interne Server verwalt. Iwwer d'Joer gesinn waren ëmmer ronn 15 Prozent vun den Artikelen ausgeléint, wat ronn 800 Artikelen ensprëcht. Vu September bis haut goufen 20465 Ännerungen an Transaktiounen an der Datebank vun der Mediathéik gemaach. D'Datebank ass och iwwer Internet verfügbar, wou een an den Artikele sichen a souguer Artikele reservéiere kann. 1403 Artikelen si mat engem Bild verfügbar, 153 mat Erklärungen an Text. Am Laaf vum nächste Schouljoer sollen d'Artikelen nach besser katalogiséiert ginn, ausserdeem soll et dann och méiglech sinn iwwer Internet Kommentaren zu den Artikelen ze schreiwen.
469 Benotzer sinn op eisem Site registréiert a kënne mat hirem Passwuert Dokumenter veränneren an Artikelen an der Mediathéik bestellen. Op eisem Webserver befannen sech insgesamt iwwer 12000 Dokumenter, déi zesumme ronn 100 MB Plaz anhuelen.