Grondschoul vu Réiser

Kino- an Theaterowend zu Bierchem
27.03.2009En Donneschdeg, den 2. Abrëll organiséiert d'drëtt Schouljoër vu Bierchem e Kino- an Theaterowend. Ufank ass ëm 19 Auer am Pavillon.
D'Kanner spillen 9 kuerz Theaterstécker, déi si selwer geschriwwen hunn. Dotëscht weisen si "Videobooks": franséisch Billerbicher goufen virgelies an opgeholl, während dem Lauschteren gesäit een d'Biller aus de Bicher.
Méi Info: www.roeserschool.lu/resources/wiki/theater