Du bass hei: Home

Aktuell News | All News uweisen



Lies-Challenge gepackt!!

31.05.2019

Mir si ganz stolz iech matzedeelen, dass eis Schoul d'Lies-Challenge gepackt huet!

Detailer wéi di genee Meterzuel u geliese Bicher an di genee Zomme di mir spenden kënnen kommen no!



Traditionelt Eckerchesturnéier, 2019

26.05.2019

De Sportsgrupp huet nees en Eckerchesturnéier, den 23. a 24.5.2019,
organiséiert!
Eckerches gëtt och oft als „falsche Baseball“ bezeechent – dh. 2
Equipen spillen géinteneen, déi eng sinn d’Feldspiller an déi aner
sinn d’Leefer.
All Klassen vum Cycle 1 bis Cycle 4 hunn deel geholl. Esou hunn zum
Beispill déi 2 Equipe 'FC kromme Fouss - staark,schnell,schlau'
géinteneen  gespillt.
Fairen Sport ass wärend 2 Deeg an der Sportshal gebueden ginn, an
dobäi huet jiddereen sech immens amuséiert, déi grouss esou gutt wéi
déi kleng.
En decken MERCI un d'Sportler, d'Organisatiounsequip, Traineren,
d'Arbitteren, d'Fräiwëlleger.
Et war ganz flott, d'Matcher waren mega spannend, kuckt iech d'Resultater un!
 Resultater.pdf(155 KB)

» Galerie



Preparatioun op d’Coupe scolaire

16.05.2019

1. Etapp

Wéi scho säit e puer Joer hunn d'Kanner aus der Réiser Schoul d'Chance un engem Geschécklechkeetsparcours Deel ze huelen. D'Enseignanten aus dem Cycle 4 an den John Welter, mat Hëllef vun der APE an den EV stellen e Parcours am Haff op d'Been, wou d'Kanner aus em Cycle 4 kënnen mat hirem eegene Vëlo fir d'Coupe scolaire üben. D'Kanner ginn och geléiert sech op der Strooss richteg ze verhalen.

2. Etapp

Verkéiersgaart zu Esch.
Deen ass dëst Joer leider wéinst Bauaarbechten ausgefall.

 
3. Etapp

D‘Coupe scolaire, déi vun der APE an der Réiser Gemeng organiséiert gëtt. Déi fënnt dëst Joer den 13.06.19 statt.

Kuckt iech d'Fotoën roueg un!



Kolonie

14.05.2019

D'Klassen vum Tom Dosser a vum Olivier Rodesch si gudd zu Remerschen ukomm.






5 vun 302 Elementer ginn op der Säit 7 vun 61 ugewisen ( Éischt | Zeréck | Nächst | Lescht )

Statistik


14401
Artikelen an der Mediathéik
541
registréiert Benotzer

Login


Kalenner


Oktober 2021
MeDeMeDoFrSaSo

1

2

3

4

5

6

7

8

9

10

11

12

13

14

15

16

17

18

19

20

21

22

23

24

25

26

27

28

29

30

31


» zum Kalenner
Interna

Läscht INTERNA News
25-01-2018

News Feed


rss iconEise Feed abonnéieren

Erklärungen (Win / Mac)

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Dimmi! Sichere und direkte Kommunikation zwischen der Schule » Eltern / Erziehungs-berechtigten

Dimmi! Affiche