Du bass hei: Accueil

Aktuell News | All News uweisen






Clever move Parcouren

24.02.2019

Am Kontext vu "Clever Move" huet de Sportsgrupp an de Réiser Schoulen
d'Iddi lancéiert eis Gäng zu flotte Beweegungs-Raim a Parcoursen
ëmzegestalten. An Zesummenaarbecht mam Léierpersonal an de Kanner
goufe faarweg Beweegungsweeër ausgeschafft an "opgepecht". D' Zil vun
dësen dekorative Weeër ass eis Kanner zum "kreative Beweegen"
z'animéieren, séi et wann d'Schoul ufänkt, wärend de Schoulstonnen
oder nom Schoulschluss. Jee no Wee gëtt eng aner Beweegung
duerchgefouert (lafen, sprangen, hopsen,...) an dëst mat vill Spaass a
Freed. Hei e puer Andréck vun eise Weeër:



Kolonie Cycle 3.2

05.02.2019

Léif Elteren,
Léif Famill a Frënn,
De Cycle 3.2 vu Bierchem aus dem Pavillon ass gutt zu Cochem ukomm :) Mir fréeën eis op eng flott Kolonie.
Léif Gréiss



Fuesbal / Fuesdisco

01.02.2019

D' a.s.b.l. colonies de vacances organiséiert erëm fir eis Kanner de Fuesbal an d'Fuesdisco.
Wéini: 12. Februar 2019
Wou: Centre culturel Bivange

De Fuesbal ass fir d'Kanner vum Cycle 1&2 vun 15.00 - 17.30 Auer.
D'Fuesdisco ass fir d'Kanner vum Cycle 3&4 vun 17.30 - 29.30 Auer.

Weider Detailer fannt Dir am Flyer ënnen an der Galerie!
Mir freeën eis op Iech!



Eise Buschauffer Guy geet an d'Pensioun

20.01.2019

Laang Joren huet de Guy d'Schüler an d'Léierpersounen hin an hier gefouert. Vill Kilometeren hu mir zesumme gemaach. An ouni säin Engagement wiere vill vun eise Sortien net méiglech gewiescht!
Dofir wollten d'Enseignanten an d'Kanner dem Guy en décke MERCI soen ier hien a seng wuelverdéngte Pensioun geet.
Och nach eemol op dësem Wee: Merci Guy fir deng Aarbecht an däin Asaz!



Visualisation de 5 sur 302 éléments sur la page 8 de 61 ( Première | Précédente | Suivante | Dernière )

Statistik


14401
Artikelen an der Mediathéik
541
registréiert Benotzer

Login


Kalenner


octobre 2021
LuMaMeJeVeSaDi

1

2

3

4

5

6

7

8

9

10

11

12

13

14

15

16

17

18

19

20

21

22

23

24

25

26

27

28

29

30

31


» zum Kalenner
Interna

Läscht INTERNA News
25-01-2018

News Feed


rss iconEise Feed abonnéieren

Erklärungen (Win / Mac)

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Dimmi! Sichere und direkte Kommunikation zwischen der Schule » Eltern / Erziehungs-berechtigten

Dimmi! Affiche