Aktuell News | All News uweisen
Klassen Dosser, Oth a Rodesch gutt ukomm!
15.05.2017D'Klassen Dosser, Oth a Rodesch aus dem C4 si gutt zu Beefort ukomm. Mir wënschen hinnen e flotten Openthalt!
Nationalt Austauschtreffen vun der Peer-Mediation
02.05.2017De 27.4 huet zu Bouneweg am Centre Culturel dat éischt nationalt Austauschtreffe vun de Peer-Mediateure stattfonnt. Am ganze Land ginn et mëttlerweil 19 Schoulen déi un dësem Projet matschaffen, dorënner 2 Grondschoulen. Ëmsou méi houfreg ware mir, datt mir mat eise 26 Mediateuren, eisem kompletten Team, konnten drun deelhuelen.
D'Mediateuren haten de Choix sech an 2 Workshoppen anzeschreiwen, zu Themen déi si interesséiert hunn. Alles huet sech natierlech ëm hier Aarbecht als Mediateur gedréint.
D'Coachen déi d'Kanner begleet hunn, hunn entweder en Workshop ugebueden oder konnten sech och zu verschiddenen Themen ënnerteneen austauschen.
Et war en immens flotten Dag fir eis alleguer!
D’Kanner hu wonnerbar matgeschafft an d’Workshopleeder an déi grouss Lycéesschüler mat hirem Knowhow an hire Reflexiounen zum Staune bruecht. Mir freeën eis schonn op dat nächst Treffen.
Weider Informatiounen zum Projet fannt dir um offizielle Site: peermediation.lu
Op folgenden Linken fannt dir nach Fotoe a verschidde Reportage vun dësem Dag!
Méi Bewegung am Klassesall
01.05.2017Eise Sportsgrupp hat sech erëm flott Aktivitéiten ausgeduecht! Dës Kéier ass et drëms gaangen, méi Bewegung an eisen Schoulalldag ze integréieren. Eis Kollegen hunn dofir e puer Bewegungsunitéiten um Gank preparéiert an hunn och Yoga mat de Kanner an der Klass gemaach. Ziel war et, dass all Titulaire Iddiën kritt fir de Kanner méi Bewegungsméiglechkeeten am Alldag unzebidden.
Et war immens flott! Hei e puer Fotoën!
Fuesbal/Fuesdisco
31.01.2017Och dëst Joer organiséiert d'colonies de vacances a.s.b.l. hiren traditionellen Fuesbal an hier Fuesdisco.
Di 2 Evenementer fannen am centre culturel zu Béiweng statt.
De Fuesbal ass fir d'Kanner vum Cycle 1 an 2. En dauert vun 15.00 - 17.30 Auer.
D'Fuesdisco ass fir d'Kanner vum Cycle 3 a 4. Se dauert vun 18.00 - 20.00 Auer.
Fir Iessen, Gedrénks an Animatioun ass natierlech gesuergt. Fir weider Detailer kuckt Iech de Flyer un.
Mir freeën eis Iech ze begréissen!
Now displaying 5 of 302 records on page 14 of 61 ( | | | )
Navigatioun


