News
News
Kolonie Neihaischen C3 2025
24.06.2025De Cycle 3 vu Bierchem war vum 18. bis de 20. Juni an der Kolonie "Neihaischen".
Niewent flotte Spiller an der Natur hunn d SchülerInnen villes iwwert d Kelte geléiert; gebastelt; gekacht a sech gutt ameséiert.
Mir soen der Gemeng an der Kolonie ASBL ee grousse Merci, dat si eis des flott Erfarung méiglech gemaach hu.
» Galerie
Kolonie
18.06.2025De Cycle 4.1 vu Krautem (d'Klassen Hermann, Hammerel an Dosser) si gutt um Europacamping zu Nommern ukomm.
Vill Spass!!
Mir ginn op d'Schlittschongspiste
01.03.2025Mir soen der Gemeng e grousse MERCI, dass si eis et erméiglecht huet, d'Schlittschongspiste op der Kockelscheier, fir d'Schoulen vu Krautem a Bierchem ze lounen. Esou konnten baal 400 Kanner sech op dem Ais austoben an haaten vill Spaass.
Isabelle Hild - "Watgelift"
27.02.2025D'Schrëftstellerin d'Isabelle Hild ass all den C1-Klassen vu Bierchem a Crauthem aus hierem Buch "Watgelift" virliese komm.
» Galerie
BLock X
12.12.2024D'Klassen aus dem Réiserbann (Cycle 1 bis Cycle 4 an eng CDI Klass) waren an d'Boulderhal BlocX op Esch /Alzette boulderen. Mir hunn dofir de Schoulbus an den ëffentlechen Transport benotzt. D'Schüler hate vill Spaass um Boulderen a mir haten all eng flott Zäit do. Merci un d'Gemeng vir d'Iwwerhuele vun den Onkäschten.
Héi e puer Impressiounen.
» Galerie
Bamplanzaktioun
17.11.2024Im Zuge der Aufforstung des Waldes in Roeser, durften die Schüler aus den berchemer und krautemer Schulen bei der Neubepflanzung von Laubbäumen mitanpacken.
Insgesamt haben 21 Klassen geholfen, rund 900 neue Bäume zu pflanzen.
Hier findet ihr einige Eindrücke dieser Aktion.
» Galerie
Sportsdag
16.07.2024Den 28. Juni konnten d’Schüler un d’Sportsatelieren deelhuelen. Vill Sportsclibb haten sech zu Krautem afonnt vir de Kanner aus dem C1 bis C4 an aus dem CDI hiren d’Sport méi no ze bréngen. Tëscht den Ateliere kruten d’Kanner ‚Gesond Iessen‘ ugebueden. Kuckt Iech w.e.g. d’Fotoen dozou un!
» Galerie
Äispist 2024
22.04.2024Am Mount Januar sinn nees d'Schoulkanner aus der Gemeng Réiser op
Kockelscheier Schlittschong lafen gaangen.
D'Kanner konnten vun Atelieren profitéieren, déi vun den Clibb
Curling an Short track organiséiert goufen.
Den Sportsgrupp aus den Schoulen vu Réiser wëllt dësen Clibb vir
hiert Engagement Merci soen an och dem Sportskoordinator aus der Gemeng.
D'Kanner haten nees vill Spaass op der Äispist.
CLEVER MOVE Berchem
24.03.2024E puer Schüler vu Bierchem präsentéieren Iech hei de Clever Move Parcours aus dem Camps Kannerinsel.
Vill Spaass beim Kucke.