Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Éischt Zeréck Nächst Lescht

Futtballtournoi 2022

28.04.2022

No puer Joer Paus, ass dëst Joer den Ball nees gelaaf. Puer Biller fënns du hei. Weider Impressiounen vum Tournoi waerten kommen.



Wiel de Logo vun der neier Bierchemer Schoul

23.03.2022

Vergiesst net vir dee neien Logo vir déi nei Bierchemer Schoul "Kannerinsel" mat oofzestemmen.

Klickt op dëse Link https://www.roeserschool.lu/poll?i=8NpX2J .

Logg dech am Roeserschool a kuck der déi 14 flott Iddien un. Wiel dann dat Bild wou's du mengs, dat am beschten zu deem neie Gebai passt.
Wann s de bis ee Bild ugekräizt hues, drécks de op de bloe Knäppchen mat "Ofschléissen".

Wiel däin Liblingsbild an mat e bëssi Chance gëtt däin Favorit zum neien Logo vun der Bierchemer Schoul.

Vill Spaass





Schlittschong (3.12.2021)

05.12.2021

En Tour Schlittschong fueren ass schonn zanter Joerzéngten eng flott Traditioun an der Réiser Schoul.

Leider konnte mer d'lescht Schouljoer net vun dëser flotter Aktivitéit profitéieren.

Dëst Joer war et allerdéngs erëm esou weit an de Sportsgrupp huet de Kanner aus de Réiser Schoulen ee flotte Moien organiséiert.

Hei gesitt dir wei d Klass vum Tim Penning vu Bierchem (C3.2) sech entweder lues un d'Äis eruntaascht oder schonns ganz gekonnt fiert.

 

Klickt op LINK vir Iech de kuerzen Highlightvideo unzekucken.





Nohalteg an lokal Akafen

23.11.2021

Wosst du, dass de Nohaltegkeetsgrupp vun der Réiser Schoul  och Atelieren am Bësch mëscht?

Nodeems de Grupp déi lescht Jore flott Projeten wéi d'Hochbeeter an de Bidon vun der Gemeng un d'Rulle bruet huet, ginn et elo zum Thema "lokal Akafen" flott Aktivitéite mat dem Fanni Müller.

An dësem Atelier leieren d'Schüler vun wou eis Uebst a Geméis kennt; wéini wéi eng Produiten bei eis zeideg sinn an ob wat s du beim Akafen nach oppasse solls.

 

An dësem Video (dreck op LINK) gesäis du, wei de Cycle 3.2 vu Bierchem zesummen mam Fanni eppes iwwert lokal Produiten léiert.

 

Vill Spaass








Eng Thermoskan fir all Kand (C2 bis C4)

14.07.2021

D'Gemeng huet fir all Kand, fir d'Cycle 2 bis 4, e flotte Bidon mache gelooss. Hei gesait een 2 Klassen wou si hier Bidon vun der Gemeng iwwerreecht kritt hunn. Mir soen der Gemeng e grousse Merci.



Bicher-Bastel-Challenge: Gewënner

06.07.2021

Dir hudd ofgestëmmt, dir hudd entscheed!
Vous avez voté, vous avez décidé! 




Stratego

05.07.2021

Bewegung, Natur, Adrenalin....
Stratego im Wald ist Spannung pur.
Hier seht ist den Cycle 3 aus Berchem in Action.



Kletterpark Le'h- Cycle 3 Berchem

01.07.2021

De Cycle 3 vu Bierchem (3.1 Penning/ 3.2Molitor) waren am Kloterpark. ‍♂️



Parc Merveilleux

24.06.2021

Klass vum Anne Schackmann war den 21.06.2021 am Beetebuerger Parc



Éischt Zeréck Nächst Lescht