Hei wielen!


    Zu de Waarmloftballonen


Wat mir brauchen: Bis d' véiert Schouljoer en halleft DIN A4 Zeecheblat an ab dem véierte Schouljoer e ganzt DIN A4 Blat, e Bläistëft a Gouache-Faarwen.

D' Virbereedung
Dem Blat an der Gréisst ugepasst, e grousse Krees molen, ( eventuell ausbesseren ) an drënner en deementspriechend klenge Quadrat. Iwwer de Ballon d' Seeler molen déi de Kuerf halen, de Ballon beschrëften ( Reklamme sinn hei erlaabt - esouguer erwënscht ).

Schrëften a Motiven net ze kleng, wéinst dem spéidere Fierwen !

Den Hannergrond
All Schüler sollt hei beim Nooper luussen, an engem gewësse Sënn war den Himmel jo eng Gruppenaarbecht.

Dann de Ballon
Nees beim Nooper kucken, awer dës Kéier fir datt net all Schüler déi selwecht Faarf fir säi Ballon wielt.

An dann
Spéider sinn d' Zeechnungen an der Klass zesummengesat gi wéi e grousse Puzzle ( déi eng den héiche Wee déi aner de breede Wee ).Un enger Wand gouf den Tableau opgehaangen.

Abenteuerstëmmung koum op !



Zréck zum
HAAPTMENU