Hei wielen!


    Zu de Wierfelen


Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Gouache-Faarwen.

- d' Virbereedung
E Quadrat mat enger " face " no vir molen, op dräi Punkten dräi riicht Linnen no hanne molen.

Déi mëttelst Linn bestëmmt de Wénkel, déi zwou aner Linne komme lues a lues ëmmer méi no zu däer mëttelster.

Elo uewe mat enger waagerechter an op däer lénker oder däer rietser Säit mat enger senkrechter Linn esou ofschléissen datt e Wierfel ze erkennen ass.

Iwwerflësseg Strécher ginn nach mam Gummi ausgewëscht an da ka mam Hannergrond ugefaange ginn.

- Den Hannergrond molen
D' Faarf ass esou gewielt ginn datt se spéider mat der Faarf vum Wierfel zesumme passt. Et gouf e graffe Pinsel benotzt an d' Faarf duerch liicht " tuppen " opgedroen.

- De Wierfel molen
De Wierfel selwer gëtt mat eiser am viraus bestëmmter Faarf an dräi Téin gemoolt. Deen hellsten Toun droe mir do op wou eng vun eis geduechte Luucht soll hire Schäi werfen. Dann droe mir déi donkelst Faarf op däer Säit op wou am wéinegste Luucht fällt. Bleiwt déi drëtt Faarw!

Zum Schluss nach de Schiet !

Fäerdeg!



Zréck zum
HAAPTMENU