Hei wielen!


    Zu de Schleeken


Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Gouache-Faarwen aus eiser Molkëscht.

D' Iddi
D' Thema " Schleeken " aus dem " éischte Schouljoer " gouf hei am fënnefte Schouljoer opgegraff awer mat enger klenger Ännerung.

An déi eng grouss Spiral hu mir zwou Linne parallel dra gemoolt, sou datt vu bannen no bausse respektiv ëmgedréit dräi Faarwen ( wéi de Schüler eben wollt ), oder nach méi " Bandten " ze fierwe waren.

Verschidden Téin aus enger Faarf mëschen ( nuancéieren ) ass ëmmer wichteg fir eng lieweg, intressant an ofwiesselungsräich Molerei.

D' Experienz aus dëser einfacher Zeechnung, wéi och déi aus " Faarwekrees ", " Grondfaarwen " a " Geometrësch Formen " sinn nun eemol, als wichteg Elementer zum Molen, ze meeschteren.

Duerfir, och eng einfach Zeechnung, ass am fënnefte Schouljoer wëllkommen.




Zréck zum
HAAPTMENU