Wat mir brauchen: Am éischte Schouljoer en halleft DIN A4 Zeecheblat, am fënnefte Schouljoer e ganzt DIN A4 Blat, e Bläistëft, Gouache-Faarwen aus der Fläsch an Uhu. D' Virbereedung Op eist Blat mole mir mat engem Lineal ( der Längt no ) Sträife vun Engem halwe bis annerhalwen Zentimeter breet. Se gi gefierft ( keng zwou gläichgefierfte Sträife niewenteneen ). An dann Wéi d' Faarf dréche war, hu mir senkrecht zu deene Sträife mat engem Lineal an engem Bläistëft ( ganz dënn ) nees Sträife vun 0,5cm bis 1,5cm breet gemoolt. Déi ginn dann exakt, eng no däer anerer ausgeschnidden ( nëmme wann een och wierklech déi nächst Sträif braucht fir se opzepechen ). Elo gëtt geflecht Mir huelen en zweet Zeecheblat ( och 1 / 2 DIN A4 ) a pechen: - déi éischt Sträif ganz op ( d' Blat de breede Wee op der Bänk ). - déi zweet Sträif pëche mir liicht no ënnen / uewe versat ( regelméisseg oder och nët ) niewent déi éischt. Wat uewen oder ënnen iwwersteet schneide mir of a sëtzen dee Rescht ënne respektiv uewen direkt bäi. - déi drëtt Sträif peche mir .................. niewent déi zweet. Wat ............... . - déi véiert Sträif ..................niewent déi drëtt. Wat ............ . - asw. Opgepasst: Beim Pechen net ze laang waarden ! Dat Stéck wat iwwersteet soll jo nach kënnen ofgeschnidde ginn. Geschafft ! |